
Pittsburgh Steelers - Buffalo Bills 15:26
An der Nuecht op e Méindeg hunn d’Pittsburgh Steelers déi zweet Néierlag vun der Saison missen astiechen. Si hu mat 15:26 géint d’Buffalo Bills verluer. D’Offense vun de Steelers hat net de beschten Dag erwëscht. Virun allem d’Running-Game huet enttäuscht. Dozou kënnt och nach, datt de Quarterback Ben Roethlisberger 2 Interceptions geheit huet. Bei de Bills huet dat liicht aneschters ausgesinn. Hire Quarterback, den Josh Allen, huet zwar och eng Interception geheit, ma bei zwee Touchdowns an 238 Passing-Yards huet hien nawell e gudde Match gemaach. Och hire Wide Receiver Stefon Diggs wousst mat 130 Receiving-Yards nees ze iwwerzeegen.
Kansas City Chiefs - Miami Dolphins 33:27
D’Kansas City Chiefs sinn elo déi bescht Ekipp aus der NFL, dat mat 12 gewonnene Matcher, bei nëmmen enger Néierlag. Géint d’Miami Dolphins gouf et eben déi 12. Victoire vun der Saison, ma et war ee knappe Match. Virun allem war et ee Match mat vill hin an hier. Iwwerdeems d’Dolphins nom 1. Véierel mat 7:0 am Avantage waren, stoung et nom 3. Véierel 30:10 fir d’Dolphins. Am leschte Véierel huet Miami nach eemol opgedréint, ma déi 17 Punkten aus dem Schlussvéierel waren dann ze wéineg. Bei der 33:27-Victoire vun den Chiefs koum de Kansas-City-Quarterback Patrick Mahomes op 393 Passing yards, dat bei 2 Touchdowns a ganzer 3 Interceptions. Offensiv konnten och den Tight End Travis Kelce (136 Receiving Yards, 1 Touchdown) an de Wide Receiver Tyreek Hill (3 Catches fir 79 Yards an 1 Touchdown) nees iwwerzeegen. Bei den Dolphins huet awer och de Rookie-Quarterback Tua Tagovailoa nees säi Potential ënner Beweis gestallt. Hie kënnt um Enn op 316 Passing Yards, 2 Passing Touchdowns bei enger Interception. Weider hat hien och nach 24 Rushing Yards an 1 Rushing Touchdown.
New Orleans Saints - Philadelphia Eagles 21:24
Eng iwwerraschend Néierlag gouf et iwwerdeems fir d’New Orleans Saints, déi sech mat 21:24 de Philadelphia Eagles hu misse geschloe ginn. Bei den Eagles stoung op der Quarterback-Positioun amplaz vum Carsen Wentz de Rookie Jalen Hurts um Terrain an deen huet e richteg gudde Match gemaach. Hie koum op 167 Passing Yards an 1 Touchdown. Weider ass hien och nach fir ganzer 106 Yards gelaf. Virun allem d’Lafspill bei den Eagles huet gutt funktionéiert. Hire Running Back Miles Sanders koum op 115 Rushing Yards an ass zweemol an d’Endzon gelaf. Bei de Saints stoung op en Neits den Taysom Hill als Starting Quarterback um Terrain, elo huet hien awer seng éischt Néierlag als Starter missen astiechen. Hie koum op 291 Passing Yards, 2 Touchdowns an 1 Interception.
Minnesota Vikings - Tampa Bay Buccaneers 14:26
D’Ekipp ronderëm de Star-Quarterback Tom Brady huet an der Nuecht op e Méindeg eng ganz wichteg Victoire am Kampf ëm d’Playoffs gefeiert. Si konnte sech mat 24:16 géint d’Minnesota Vikings duerchsetzen. De Brady huet mat 2 Touchdowns a 196 Passing yards e stabille Match gespillt, awer net komplett iwwerzeegt. De Running Back Ronald Jones hat mat 80 Rushing Yards an 1 Touchdown nees e gudden Dag erwëscht. Bei de Vikings hunn och de Quarterback Kirk Cousins (225 Passing Yards, 1 Touchdown) an de Running Back Dalvin Cook (102 Rushing Yards, 1 Touchdown) nees e gudde Match gewisen, aneschters wéi hire Kicker. Den Dan Bailey huet nämlech 3 Field Goals an een Extrapunkt verschoss.
Washington Football Team - San Francisco 49ers 23:15
An och d’Washington Football Team huet ee ganz wichtege Match an der Course ëm d’Playoffs gewonnen. Et ass dee véierte Match hannerteneen, deen d’Ekipp vum Trainer Ron Rivera gewënnt an domat sti si elo an der NFC East op der éischter Plaz, well d’Giants géint d’Cardinals verluer hunn, mat 6 Victoiren a 7 Néierlagen. Domat ass d’NFC East mat Ofstand déi schlechtst Divisioun, ma nawell wäert eng Ekipp de Sprong an d’Playoffs packen.
New England Patriots - Los Angeles Rams 3:24
Minnesota Vikings - Tampa Bay Buccaneers 14:26
Arizona Cardinals - New York Giants 26:7
Kansas City Chiefs - Miami Dolphins 33:27
Tennessee Titans - Jacksonville Jaguars 31:10
Dallas Cowboys - Cincinnati Bengals 30:7
Houston Texans - Chicago Bears 7:36
Denver Broncos - Carolina Panthers 32:27
New York Jets - Seattle Seahawks 3:40
Indianapolis Colts - Las Vegas Raiders 44:27
Washington Football Team - San Francisco 49ers 23:15
New Orleans Saints - Philadelphia Eagles 21:24
Atlanta Falcons - Los Angeles Chargers 17:20
Greenbay Packers - Detroit Lions 31:24
Pittsburgh Steelers - Buffalo Bills 15:26
Baltimore Ravens - Cleveland Browns