
De 24 Joer ale Safety Guard gouf duerno an d’Spidol transportéiert a gouf do an e kënschtleche Koma versat. D’NFL huet matgedeelt, dass den Zoustand kritesch wier. De Match gouf fir d’éischt fir eng Stonn ënnerbrach, éier e komplett ofgesot gouf.
No enger Kollisioun mam Wide Receiver Tee Higgins vu Cincinnati am éischte Véierel koum den Hamlin an engem éischte Moment nees op d’Been, éier en ëmgefall ass an um Buedem leie bliwwen ass ouni ze bougéieren. Spiller vu béiden Ekippen hunn e Krees ëm hie forméiert an e gouf direkt medezinesch betreit.
Nodeems d’Ambulanz de Stadion verlooss hat, war geplangt, dass de Match no engem kuerze Warm-up nees sollt weidergoen. Dat huet awer fir e grousse Shitstorm a rose Reaktioune an de soziale Medie gesuergt, a Kritik koum och vun Experten a fréieren NFL-Profie wéi dem Booger McFarland. D’NFL huet dunn decidéiert, de Match komplett z’annuléieren.

Den dramateschen Tëschefall huet un den Zesummebroch vum dänesche Futtballspiller Christian Eriksen erënnert, dëst am Match géint Finnland bei der EM2021. Den Eriksen huet deemools och um Terrain musse reaniméiert ginn. No engem Joer Paus konnt den Eriksen awer nees professionell Futtball spillen.