
Buffalo Bills - Kansas City Chiefs 24:20
Am absolutte Spëtzematch tëscht de Buffalo Bills an de Kansas City Chiefs gouf et schlussendlech eng knapp Victoire fir d’Bills, déi sech mat 24:20 duerchsetze konnten. Op en Neits wousst hire Star-Quarterback Josh Allen mat iwwer 300 Passing Yards an 3 Touchdownen ze iwwerzeegen, ma och d’Bills-Defense hat e groussen Undeel un der Victoire. Si hunn nämlech direkt zwou Interceptions vum Patrick Mahomes gefaangen, eng zum Ufank vum Match an der Endzon an eng weider decisiv an der Schlussphas vum Match.
Dallas Cowboys - Philadelphia Eagles 17:26
Dem Cooper Rush, den Ersatz-Quarterback vun den Dallas Cowboys, seng Serie vu 5 Matcher ouni Néierlag als Starter ass an der Nuecht op e Méindeg op en Enn gaangen. De soss ganz zouverlässegen a séchere Quarterback huet géint d’Eagles ganzer 3 Interceptions geheit an domat vill Chancë verpasst, fir Punkten ze scoren. Dëse Réckschlag konnt déi staark Cowboys-Defense net ganz opfänken. Deemno wannen d’Eagles de Match um Enn mat 26:17 a bleiwen domat och am 6. Match ongeschloen. D’Ekipp vu Philadelphia ass jo nach als eenzeg Ekipp ouni Néierlag.
Baltimore Ravens - New York Giants 20:24
D’New York Giants sinn déi grouss Iwwerraschung vun der Saison. Am 6. Match gouf et fir si nämlech schonns déi 5. Victoire. E Sonndeg hu si opgrond vun enger gudder defensiver Leeschtung an hirem gewinnt staarke Lafspill mat 24:17 géint d’Baltimore Ravens gewonnen. Den Giants-Quarterback Daniel Jones huet nees eng konstant Leeschtung gewisen an 2 Touchdown-Passe geheit, iwwerdeems säi Géigeniwwer, de Lamar Jackson, eng Interception geheit huet an nëmmen eng Touchdown-Pass.
Washington Commanders - Chicago Bears 12:7
San Francisco 49ers - Atlanta Falcons 14:28
New England Patriots - Cleveland Browns 38:15
New York Jets - Green Bay Packers 27:10
Jacksonville Jaguars - Indianapolis Colts 27:34
Minnesota Vikings - Miami Dolphins 24:16
Cincinnati Bengals - New Orleans Saints 30:26
Baltimore Ravens - New York Giants 20:24
Tampa Bay Buccaneers - Pittsburgh Steelers 18:20
Carolina Panthers - Los Angeles Rams 10:24
Arizona Cardinals - Seattle Seahawks 9:19
Buffalo Bills - Kansas City Chiefs 24:20
Dallas Cowboys - Philadelphia Eagles 17:26
Denver Broncos - LA Chargers 16:19