
Den FC Wooltz 71 däerf beim Nodrosmatch géint Déifferdeng e Mëttwoch den Owend an e Samschdeg beim Match géint den F91 Diddeleng viru maximal 500 Spectateure spillen.
Wann ee gäre bei de Matcher wëllt dobäi sinn, muss ee sech am Virfeld umellen. All Informatiounen zur Umeldung ginn et um Internetsite vum FC Wooltz 71.