
E Samschdeg stoungen déi meescht Matcher vun der 1. Ronn an der Coupe de Luxembourg um Programm.
Ënner anerem konnt d’Jeunesse Biwer (D2) sech iwwerraschend 2:0 géint de Red Star (D1) duerchsetzen an Éilereng (D2) huet sech 1:0 géint Bartreng (D1) behaapt. Donieft konnt d’AS Red Black Luxembourg (D2) no Verlängerung géint d’Fiels (D1) gewannen.