BiathlonBö viru Fourcade: Norweger setzt sech zu Pokljuka duerch

RTL Lëtzebuerg
De Podium completéiert huet de Fransous Fabien Claude. De Weltcup-Ranking gëtt weider vum Martin Fourcade ugefouert.
© afp (Archiv)

En Donneschdeg war zu Pokljuka a Slowenien fir d’éischte Kéier e Weltcup am Biathlon. Am Eenzel goung et iwwer 20 Kilometer an hei war de Johannes Thignes Bö, no sengem Retour aus der Baby-Paus - den Norweger gouf Papp an huet de Biathlon zu Ruhpolding ausgelooss - nees mat dobäi an direkt nees an der Favoritte-Roll.

Um Enn huet den Norweger dann och näischt am Duell géint de stäerkste Konkurrent, de Fransous Martin Fourcade, ubrenne gelooss - hien hat e Virsprong vu bal 12 Sekonnen. De Podium completéiert huet en anere Fransous, de Fabien Claude, hien hat ee Réckstand vun iwwer 25 Sekonnen.

De Weltcup-Ranking bei den Hären am Biathlon gëtt iwwerdeems weider vum Martine Fourcade ugefouert. De Fransous huet eng agreabel Avance.

Back to Top
CIM LOGO