Déi zwee Séierst komme weider. Vum Motocross ass de fréiere Rallyesportler Chrëscht Beneké Kierperasaz gewinnt. Och nach mat 46 Joer reizen hie sportlech Erausfuerderungen. Schonns fir d’Qualifikatioun mécht en sech gutt waarm a gëtt alles. Wëll just déi 16 Bescht komme weider.
Chrëscht Beneké: “Boatercross ass einfach ee grousse Spaass. Et ass spektakulär, déi Dueller ëm déi éischt Plazen. Ech sinn zu Dikrech ee puer Mol esou eng Course gefuer, ma hei ass den Niveau nach eng Kéier ee ganz aneren. Wéi ech d’Linn an der Qualifikatioun net ganz getraff hunn, du war ech schonns dobaussen éier et em d’Course gaangen ass. Esou geet et fir d’Olympesch Spiller zu Paräis ganz sécher net duer.“
Zanter de Spiller vu Barcelona 1992 ass de Kayakslalom fest am olympesche Programm. 50 Kilometer vu Sort goufen deemools zu La Seu d’Urgell Medaile verdeelt. Am Boatercross gëtt et dogéint eréischt zanter wéinege Joer (2017) eng Weltmeeschterschaft an de Weltcup. Ma schonns 2024 gëtt d’Disziplin olympesch.
Spektakulär, séier a liicht ze verstoen: Esou K.O.-Course passe gutt bei en IOC, dee seng Spiller gäre méi jonk an dynamesch mécht. No Tokyo mat Skateboard, Klammen a Surfe kënnt zu Paräis nach Breakdance an ebe Boatercross dobäi.
Viru knapps zéng Joer waren déi éischt Course nach ee grousse Spaass tëscht de Wëllwaasserpaddler an de Competitiounsspezialiste mam Slalomboot. Zanterhier geet den Niveau séier an d’Luucht, wéi och de Lokalheld Gerd Serrasolses mierkt. 2015 gouf hie Weltmeeschter am extreme Wëllwaasser an d’lescht Joer huet hien nach zu Sort gewonnen. Ma dëst Joer ass et schonns an der ¼-Finall eriwwer. Eng jonk Generatioun réckelt no, wéi bei de Fraen déi 18 Joer jonk Nora López. Si trainéiere virun allem de klassesche Slalom, ma huelen de Boatercross als flott Ofwiesslung a Méiglechkeet fir weider Medaille mat.
Nora López, Vize-Weltmeeschter Junioren am Slalom: “Et ass vill besser gaange wéi ech geduecht hunn. Ech si vu Ronn zu Ronn gepaddelt an um Ënn hunn ech eng gutt Finall gemaach. Ech si ganz zefridden. Déi zwou Disziplinnen si ganz ënnerschiddlech, et geet een se anescht un. Am Slalom bass de op dech gestallt a paddels géint Zäit. De Boatercross kann een dogéint méi spaasseg fannen. Grad hei kënne mer eis alleguer. Ënnerteneen ass et an der Competitioun einfach flott.”
Bei den Häre setzt sech um Ënn den Alex Segura souverän duerch. Bei de Frae qualifizéiert sech d‘Nora López eréischt op de leschte Metere fir d’Finall. Do klappt awer dunn alles an hatt gewënnt sécher. Ma wann an engem gudde Joer bei der WM déi meescht Startplaze fir Paräis verdeelt ginn, wäert hat wuel nach bëssi ze jonk sinn.