Olympesch Spiller - LiichtathletikBob Bertemes net zefridde mat senger eegener Leeschtung

Tim Hensgen
No enger kuerzer Nuecht huet de Bob Bertemes seng Leeschtung am Olympic Stadium Revue passéiere gelooss.
© RTL

De Lëtzebuerger wollt sech fir d’Finall qualifizéieren an hätt dofir um Enn 20 Meter 90 misse stoussen. Eng Wäit, déi de Bob Bertemes ouni Weideres drop huet. Dës Saison huet hie scho ronn 80 Zentimeter méi wäit gehäit a säin nationale Rekord läit bei 22 Meter an 22 Zentimeter.

Bob Bertemes: "Et war u sech alles top, just ech net"
De Bommstousser ass net zefridde mat der Wäit 20,16 Meter.

Mä et war ganz einfach en Dag, op deem näischt geklappt huet, sou de Bob Bertemes. Hie kéint kengem d’Schold ginn. De Kader wier perfekt gewiescht, just hien net. Technesch gesi wier et mat 20 Meter 14 e schlechten éischte Versuch gewiescht, mä dorobber hätt een eigentlech awer kënnen opbauen. Just ass dono näischt méi komm. Deen zweeten Essai war ongëlteg an den drëtten ass bei nëmmen 20 Meter 16 gelant. Domadder ass um Enn eng 21. Plaz fir de Bob Bertemes erausgesprongen.

Ma de Bielesser wëll méi an dofir kuckt hie schonn op d’Olympesch Spiller vu Paräis. Et wéilt een elo seng Leeschtunge vun de leschten olympesche Spiller analyséieren an da kucken, wat ee besser ka maachen. De Bob Bertemes wëll sech an 3 Joer da besser verkafe wéi en Dënschdeg.

Bob Bertemes: "Et muss een nach eng Kéier attackéieren"
De Bob Bertemes wëll sech an 3 Joer bei den nächsten Olympesche Spiller besser verkafe wéi en Dënschdeg.

© RTL

RTL-News: Bommstoussen: Bob Bertemes net an der Finall

Back to Top
CIM LOGO