Olympesch Spiller - LiichtathletikBommstoussen: Bob Bertemes net an der Finall

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war zu Tokio d'Qualifikatioun vun der Bommstoussen-Competitioun, bei där och de Bob Bertemes un den Depart gaangen ass.
© RTL

De Lëtzebuerger konnt awer mat 20 Meter a 16 Zentimeter net an d’Finall anzéien, a senger Grupp ass hien den 11. vu 16 ginn.

Fir weiderzekommen wiere knapp 21 Meter néideg gewiescht. Den nationale Rekord vum Bob Bertemes läit bei 22 Meter an 22 Zentimeter, domat wier hien den 1. an der Qualifikatioun gewiescht.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO