Bis 2027Borussia Dortmund verlängert mam Trainer Niko Kovac

RTL Lëtzebuerg
Dem 53 Joer alen Trainer säi Kontrakt wier u sech nach bis Enn dëser Saison gelaf.
© AFP (Archiv)

Nom Out vum Nuri Sahin an dem Intermezzo vum Mike Tullberg als Interimstrainer huet den Niko Kovac de BVB den 2. Februar iwwerholl. Zu deem Ament stoungen déi Giel-Schwaarz op der 11. Plaz an der däitscher Bundesliga. Duerch eng Serie vun 9 gewonnene Matcher aus deene reschtleche 14 Partien ass Dortmund nach op déi 4. Plaz no vir komm an huet sech domadder nach fir d’Champions League qualifizéiert.

Viru senger Zäit beim BVB stoung den Niko Kovac och schonn bei Eintracht Frankfurt, Bayern München, der AS Monaco an dem VFL Wolfsburg an der Responsabilitéit.

Um éischte Spilldag vun der neier Saison huet Dortmund auswäerts beim FC St. Pauli ronderëm de Lëtzebuerger Danel Sinani 3:3 gläich gespillt.

Chukwuemeka wiesselt vun Chelsea fix bei de BVB

Nieft der Kontrakt-Verlängerung vum Niko Kovac huet Borussia Dortmund en Dënschdeg och den definitive Wiessel vum Carney Chukwuemeka bekannt ginn. Den Englänner war déi lescht Saison vun Chelsea bei de BVB ausgeléint. Den 21 Joer jonke Mëttelfeldspiller ënnerschreift e Kontrakt bis 2030. Déi Giel-Schwaarz hunn 25 Milliounen Euro op London iwwerwisen.

Back to Top
CIM LOGO