
Eintracht Frankfurt - RB Leipzig 3:1
Den Trainer Julian Nagelsmann huet en Dënschdeg den Owend iwwerraschend op säi Stammgolkipp Gulacsi an op säi beschte Buteur Timo Werner an der Starteelef verzicht. Allgemeng ass et net wierklech gutt gelaf bei Leipzig, déi richteg Problemer haten, hir Linn ze fannen. An der 16. Minutt konnt den André Silva Frankfurt dunn och verdéngt a Féierung bréngen, dat duerch een Eelefmeter no engem Handspill vum Marcel Halstenberg. Nodeems mam 1:0 d’Säite gewiesselt goufen, huet Frankfurt an der 51. Minutt nach eemol zougeschloen. No engem onnéidege Ballverloscht, ass Frankfurt eng Konterattack gelaf an do war et de Kostic, dee méi séier war wéi d’Defense an den 2:0 markéiere konnt. An der 69. Minutt konnt den agewiesselten Dani Olmo dunn awer fir Leipzig verkierzen. Et sollt dem Tabellenzweeten aus der Bundesliga awer net méi geléngen, fir auszegläichen. Am gGéigendeel, de Kostic huet an der 95. Minutt mam 3:1 den Deckel dropgemaach.
1. FC Kaiserslautern - Fortuna Düsseldorf 2:5
An der Paus louch d’Fortuna Düsseldorf mat 1:2 am Réckstand an dat net onverdéngt. Den Drëttligist huet gutt matgehalen a konnt, nodeems si déi éischt 10 Minutte kaum aus der eegener Hallschent erauskoumen, esouguer den Toun uginn. De Bundesligist war no 9 Minutten duerch den Ampomah mat 1:0 a Féierung gaangen. Direkt am Géigenzuch konnt de Kühlwetter aus kuerzer Distanz ausgläichen. An der 39. Minutt hat deselwechten och nach vum Eelefmeterpunkt getraff. Kuerz no der Paus konnt Düsseldorf awer nees ausgläichen duerch ee wonnerbare Gol vum Hennings. No deem Gol ass Düsseldorf elo nees ëmmer besser an de Match komm an an der 63. Minutt konnte si dunn och nees a Féierung goen duerch ee Kappball vum Zimmermann. Dono war bei Kaiserslautern d’Loft eraus an Düsseldorf konnt an der Schlussphas alles kloer maachen an esou hunn Hennings a Stöger nach getraff, esou dass d’Fortuna um Enn mat 5:2 gewënnt.
FC Schalke 04 - Hertha BSC Berlin 3:2 no Verlängerung
Hertha war an der éischter Hallschent déi besser Ekipp. Si haten ee kloert Konzept, ware vir geféierlech an hunn hanne kaum eppes zougelooss. No nëmmen 12 Minutte konnte si dann och schonns duerch de Pascal Köpke a Féierung goen, dat no enger gudder Konterattack. An och den 2:0 war d’Resultat vun enger Konterattack an déi Kéier war et den neie Spiller, de Krzysztof Piatek, deen op Virlag vum Köpke treffe konnt. An der 76. Minutt konnt Schalke zwar nach eemol duerch de Caligiuri verkierzen an et sollt nach méi déck kommen. An der 82. Minutt huet den Amine Harit dunn nämlech och nach den Ausglaïch geschoss. An der Verlängerung krut dunn op Säite vun der Hertha den Torunarigha déi giel-rout Kaart. Schalke huet dës Iwwerzuel ausgenotzt a konnt an der 115. Minutt duerch de Raman eng éischte Kéier a Féierung goen an dëse Match gewannen.
SV Werder Bremen - Borussia Dortmund 3:2
Nodeems Bremen an den éischten 10 Minutte ferm Schwieregkeeten hat, an de Match ze kommen, si si mat der Zäit ëmmer besser ginn. Si hu couragéiert no vir gespillt a goufen och dofir belount, och wann de BVB hei an do gutt nogehollef huet. No engem einfache Ballverloscht vum Hakimi an engem Schoss Rashica war et de Selke, deen am Noschoss den 1:0 no 16 Minutte markéiere konnt. No enger hallwer Stonn dunn den zweete Gol vum Match, de Reus konnt net klären an de Bittencourt huet aus der Distanz een herrleche Gol geschoss. Dortmund konnt eréischt an der 67. Minutt duerch den agewiesselten Erling Haaland op 1:2 verkierzen. Bremen hat awer nees direkt eng Äntwert parat, nëmmen 3 Minutten nom Dortmunder Gol konnt de Rashica op 3:1 stellen. Dortmund huet sech awer nach net opginn an an der 78. Minutt konnt de Reyna op 2:3 verkierzen. Um Enn sollt et dann och bei dësem Score bleiwen, esou dass d’Iwwerraschung vum Dag perfekt war.