Internationale FuttballBremen kritt ee Punkt zu Gladbach - Arsenal mat 0:1-Defaite

RTL Lëtzebuerg
An der 1. Sonndespartie vun der Futtball-Bundesliga konnt sech d'TSG Hoffenheim däitlech mat 4:0 behaapten. Everton huet Arsenal 1:0 an England geklappt.
© afp

Bundesliga

Gladbach – Bremen 1:1

An der Owespartie hat Mönchen Gladbach Werder Bremem op Besuch. D’Fohlen wollten doheem onbedéngt mol erëm een Dräier kloermaachen, mä mat Bremen krute si et mat engem duerchaus schwiere Géigner ze dinn.

Déi 1. Hallschecht goung reng no de Spillundeeler un d’Heemekipp: Si hat däitlech méi Golschëss an och d’Passquot war bei de Gladbacher besser. Et goung awer mam Resultat vun 0:0 fir béid Ekippen an d’Kabinne vum Borussia-Park

Am 2. Duerchgang hu sech d’Lokalhäre fir hir duerchaus gutt 1. Hallschecht belount. An der 49. Minutt konnt den Neuheus nämlech op 1:0 fir d’Fohlen setzen. D’Borussia war dorobber beduecht, fir direkt nach ee Gol dropzeleeën, konnt awer keng weider Kéier markéieren. Schliisslech huet knapp 10 Minutte viru Schluss Werder a Persoun vum Klaasen ausgeglach.

No den 90 Minutte ka sech Bremen mat engem duerchaus schmeechelhafte Remis zefridde ginn. D’Ekipp vum Trainer Florian Kohfeldt bleift mam Gläichspill bei der Borussia am Joer 2019 nach ëmmer ouni Defaite.

Augsburg – Hoffenheim 0:4

D’Gäscht vu Sinsheim waren an der Partie géint Augsburg klore Favorit. D’Formatioun vum Trainer Nagelsmann kämpft ëm europäesch Plazen, esou waren déi 3 Punkte géint den FCA fest ageplangt. An der 6. Spillminutt huet de Kramaric d’TSG no engem Assist vum Belfodil an den Avantage geschoss.

Hoffenheim war och nom Téi déi spillbestëmment Ekipp. Huet de Belfoldi am 1. Duerchgang nach déi decisiv Pass fir den 1:0 geliwwert, huet hien am 2. Duerchgang mat engem Käpper fir den 2:0 gesuergt. De Belfodil ass ëmmer méi zum Man-of-the-Match avancéiert, well an der 74. an 82. Spillminutt huet den Hoffenheimer zwou weider Kéiere markéiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Everton – Arsenal 1:0

Fréi ass d’Ekipp aus Liverpool mat 1:0 a Féierung gaangen, dat duerch den Ofwierspiller Jagielka. Arsenal wollt doropshin de Match dréien, ma dat sollt de Gunners awer am 1. Duerchgang net geléngen. Och am 2. Duerchgang hat d’Ekipp aus dem Norden vu London offensiv net vill ze bidden an Everton hat souguer ëmmer nees Chancen op den 2:0.

Deemno eng verdéngte Victoire fir d’Heemekipp an ee battere Réckschlag fir d’Gunners an der Lutte ëm d’Champions-League-Plazen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Valladolid – Sevilla 0:2

Eréischt an der Schlussphas konnt den FC Sevilla auswäerts bei Valladolid ze Match entscheeden. An der 1. Hallschecht waren nämlech keng Goler gefall, esou goung et mat engem 0:0 an d’Paus.

5 Minutte viru Schluss huet de Roque Mesa d’Andalusier mat 1:0 an den Avantage bruecht. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit war et dunn nach de Munir, dee mat sengem perséinleche Gol op 2:0 gesat huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Inter – Bergamo 0:0

Iwwer déi 90 Minutten ass et kenger Ekipp gelongen, fir der Partie de Stempel op ze drécken.

Napoli – Genua / 20 Auer 30

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Reims – Lille 1:1

D’Spectateuren hunn am Stade Auguste Delaune am 1. Duerchgang keng Goler gesinn. Eréischt am 2. sinn d’Goler gefall. De Portugis José Fonté huet Lille an der 55. Spillminutt a Féierung bruecht, éier den Oudin an der 78. ausgeglach huet.

Deemno huet sech d’Ekipp vum Mäzen Gerard Lopez misse mat engem Remis zefridde ginn.

© afp

Nice – Montpellier 1:0

Nice konnt sech doheem géint de Montpellier duerchsetzen. Et war den Ex-Bayern-Spiller Dante, dee seng Faarwen an der 20. Minutt a Féierung bruecht huet. Um Score sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren.

PSG – Stroossbuerg / 21 Auer

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO