Hat de roude Léiwen ofgesotBrian Madjo steet am Kader vun der englescher U17

RTL Lëtzebuerg
De jonke Stiermer, deen och de Lëtzebuerger Pass huet, ass fir d'Matcher vun der englescher U17 géint Venezuela, Israel an Däitschland nominéiert ginn.
De Brian Madjo hat ënnert dem Luc Holtz géint Schweden, d'Schwäiz a Slowenien gespillt.
De Brian Madjo hat ënnert dem Luc Holtz géint Schweden, d’Schwäiz a Slowenien gespillt.
© Val Wagner

De 16 Joer jonke Brian Madjo, dee fir den FC Metz spillt, gëllt als grouss Talent an der Offensiv. Hie war vum neie Lëtzebuerger Nationaltrainer Jeff Strasser fir d’A-Nationalekipp nominéiert ginn, dat fir d’Partië géint Nordirland an d’Slowakei am Kader vun der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2026. De Brian Madjo hat d’Selektioun awer verweigert. Dräi Mol war de Madjo scho bei der Lëtzebuerger Hären-Nationalekipp dobäi. No engem véierten Asaz wier hien awer net méi fir en anert Land accessibel.

Mam Kader, dee déi englesch Nationalekipp elo publizéiert huet, gesäit et emol dono aus, als wéilt de Madjo säi Gléck bei den Three Lions wéilt probéieren. Hei kann ee mat der U17 säi Kënne géint Venezuela, Israel an Däitschland beweisen. Fir déi englesch A-Nationalekipp dierf de Brian Madjo awer déi nächst dräi Joer net spillen, well hien ebe schonn am Dress vun de Roude Léiwen opgelaf ass. Eng leschte Kéier den 6. Juni dëst Joer géint Slowenien.

Nieft England a Lëtzebuerg kéint de Brian Madjo och nach fir d’Nationalekipp vum Kamerun spillen.

Back to Top
CIM LOGO