MedienBrian Madjo virun Wiessel bei Aston Villa

Sam Rickal
Den réischt 16 Joer jonke Stiermer soll ee Kontrakt vu 5 Joer ënnerschreiwen.
© RTL

Wéi verschidden international Futtball-Medie mellen, steet de Brian Madjo kuerz virun engem Wiessel bei Aston Villa an England. De réischt 16 Joer jonke Stiermer soll ee Kontrakt vu 5 Joer ënnerschreiwen. Donieft soll de Veräin vun der Insel 12 Milliounen Euro un den FC Metz iwwerweisen. Dat mellt den “Transfert-Guru” Fabrizio Romano op de soziale Medien.

De Brian Madjo hat réischt Ufank der Saison e Profi-Kontrakt beim FC Metz ënnerschriwwen a koum och a 5 Matcher an der éischter franséischer Divisioun zum Asaz. Réischt am Summer huet sech de 16 Joer jonke Stiermer fir déi englesch U17-Nationalekipp a géint déi Lëtzebuerger A-Nationalekipp entscheet. Dräi Frëndschaftsmatcher huet de Madjo fir d’FLF-Selektioun gespillt.

Back to Top
CIM LOGO