Schi-AlpinBrignone a Vlhová deele sech d'Victoire beim Riseslalom zu Sestrière

RTL Lëtzebuerg
Zu Wengen an der Schwäiz huet sech iwwerdeems bei den Hären de Beat Feuz d'Victoire an der Descente virum Dominik Paris an dem Thomas Dreßen geséchert.
© Marius Andrzejewski

Um Samschdeg de Mëtteg huet sech bei fantasteschem Wieder bei den Hären de Beat Feuz no 2012 a 2018 eng 3. Kéier als Gewënner zu Wengen konnte feiere loossen. De Schwäizer hat am zil e Virsprong vun 29 Honnertstel op den Italiener Dominik Paris. Op déi 3. Plaz fiert den Däitschen Thoms Dreßen, dëst mat engem Retard vun 31 Honnertstel.

Nächste Weekend steet dann déi legendär Descente zu Kitzbühl um Rendez-Vous.

Beim Riseslalom bei den Dammen zu Sestrière an Italien hunn sech d’Sportlerinnen eng ganz spannend Course geliwwert. D’Italienerin Federica Brignone an d’Slowakin Petra Vlhová si mat genau där nämmlechter Zäit iwwert Zillinn gefuer. Domat kennen sech déi 2 iwwer d’Victoire zu Sestrière freeën. Op déi 3. Plaz mat nëmmen 1 Honnertstel Retard fiert d’Amerikanerin Mikaela Shiffrin.

Back to Top
CIM LOGO