Liichtathleetik: Roadmile WeltmeeschterschaftBronzmedail fir de Ruben Querinjean

RTL Lëtzebuerg
Bei der Victoire vum däitschen Robert Farken leeft de Lëtzebuerger zu Kopenhagen mat engem neien nationale Rekord op déi 3. Plaz.
De Podium vun der Stroosse-WM zu Kopenhagen
De Podium vun der Stroosse-WM zu Kopenhagen
© Fédération Luxembourgeoise d'Athlétisme - FLA

E Samschdeg de Moie waren zu Kopenhagen an Dänemark "World Athletics Road Running Championships". Mat dobäi waren och véier Lëtzebuerger Athleten.

Bei den Dammen hunn d'Vera Bertemes-Hoffmann an d'Marine Joblin déi Lëtzebuerger Faarwe vertrueden, bei den Häre waren dat de Fidelio Klein an de Ruben Querinjean, de Vize-Europameeschter iwwert 3000m Steeple.

Bei den Häre gouf et eng Victoire vum däitschen Athlet Robert Farken an der Zäit vun 3:51.80. Op déi zweete Plaz koum den amerikanesche Leefer Yared Nuguse. Drëtte gouf de Lëtzebuerger Sportler vum Joer Ruben Querinjean an enger Zäit vun 3:52.77. Domat verbessert de Ruben Querinjean säin eegenen nationale Rekord, deen en d'lescht Woch op der LëtzRoadmile opgestallt huet, em ronn 10 Sekonnen. Et ass eng weider formidabel Leeschtung vum Lëtzebuerger, deen no der der sensationeller Sëlwermedail op der Liichtathleetik-EM an der Victoire op der Lëtz Mile virun enger Woch eng weider Kéier um Podium steet. De Klein Fidelio leeft mat enger Zäit vun 4:11:85 op déi 46. Plaz.

Bei den Damme gouf d'Course iwwert 1600m vun der Franséisin Agathe Guillemot an der Zäit vu 4:22.74 gewonnen. Selwer war fir d'Äthiopierin Freweyni Hailu a Bronze fir d'Kenianerin Mirriam Cherop. D'Vera Bertemes-Hoffmann koum op déi 20. Plaz. D'Marine Joblin leeft mat enger perséinlecher Beschtzäit vun 4:54.95 op déi 39. PLaz

Back to Top
CIM LOGO