NFL - Week 12Browns schocke Steelers, Packers iwwerrenne 49ers

Kevin Kayser
An der NFL gouf et dëse Weekend nees déi eng oder aner Iwwerraschung. Fir verschidden Ekippe ginn d'Playoffs dann och ëmmer méi kloer.
© Photo by Stacy Revere / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

D’Woch 12 vun der NFL huet direkt mat enger décker Iwwerraschung ugefaangen. Well d’Browns, déi bis ewell just zwou Partië gewanne konnten, hu sech doheem géint d’Steelers, déi der bis zu deem Ament just zwou verluer haten, duerchgesat. D’Steelers kruten einfach an der Attack kee Rhythmus hin: 0 Punkten am éischte Véierel, 3 Stéck am zweeten an dem drëtten... Just an de leschte 15 Minutte hu si 13 Punkte markéiere kënnen, wat dann ënnert dem Stréch net duergaangen ass. Un hirer Defense huet et wuel net geleeën, well déi huet am éischten an am drëtte Véierel keng Punkten zougelooss an da “just” 10 am zweeten a 14 am leschte Quarter. D’Steelers haten esouguer zum Schluss nach de Ball mat knapp enger Minutt op der Auer. Si koume nach bis 35 Yards virun der Endzon, ma do krut d’Defense vun de Browns se gestoppt an d’Zäit ass ofgelaf. Esou wannen d’Browns doheem 24:19 a feieren hir drëtt Victoire fir dës Saison.

E weideren e bëssen onerwaarte Score gouf et an der US-Haaptstad, well d’Commanders hunn doheem géint d’Cowboys verluer. De Match hat en e bësse verréckte Laf, wann ee bedenkt, datt Dallas 34:26 gewonnen huet an et um Enn vum drëtte Véierel nach 10:9 fir d’Cowboys stoung. 24 Punkte sinn de Gäscht also an de leschte 15 Minutte gelongen an och d’Commanders kruten der 17 hin. Groussen Undeel un dëser Victoire huet den Ersatzquaterback vun de Cowboys Cooper Rush gehat: 24 vun 32 Passe koumen un, dat fir 247 Yards an zwee Touchdowns. Dem Jayden Daniels seng Zuele liese sech zwar ganz änlech (25/38, 274 Yards, 2 Touchdowns), ma och zwee vu senge Bäll si bei der Defense ukomm, wat bei esou enger enker Partie e Gamechanger ka sinn.

Net wierklech eng Iwwerraschung ass d’Victoire vun de Packers iwwert 49ers, well et bei der Ekipp aus San Francisco dës Saison net wierklech gutt leeft. Eenzeg wéi héich dës Partie ausgaangen ass, kann een e bësse schockéieren, well d’Defense vun de Packers d’Spill gutt am Grëff a just 10 Punkten zougelooss an d’Offense ronderëm den Ersatzquaterback vun de 49ers Brandon Allen zu ville Feeler gezwongen huet. Hir Attack konnt vun där Aarbecht profitéieren a ganzer 38 Punkte markéieren. Green Bay klëmmt doduerch op en 8:3 (8 Victoiren an 3 Néierlagen) an ass um gudde Wee an d’Playoffs. Dëst gëtt mat engem 5:6 fir d'49ers ëmmer méi schwiereg.

An der Nuecht op en Dënschdeg war dann den “Harbaugh Bowl”, wéi den Duell tëscht de Ravens an den Chargers mat engem Schmunzele genannt gëtt. Well hei sinn d’Bridder John an Jim Harbaugh als Cheftrainer vu béiden Ekippen openee getraff. Et war dunn den John dee sech mat senge Ravens 30:23 konnt duerchsetzen. Groussen Undeel dorunner hat wuel d’Defense vu de Ravens, déi zwar zwee Chargers-Touchdowns iwwert de Buedem, dofir awer keen duerch d’Loft zougelooss hunn. Doduerch tauschen d’Ravens an d’Chargers dann och eng Plaz am Playoff-Picture.

E Bléck op d’Playoffs

An der AFC troune ganz uewen d’Chiefs aus Kansas City, mat 10 Victoiren an enger Néierlag. Dohannert kommen dann d’Bills (9:2), d’Steelers (8:3), d’Texans (7:5), d’Ravens (8:4), d’Chargers (7:4) an d’Broncos (7:5). Interessant an dëser Konstellatioun ass, datt an der Nuecht op en Dënschdeg d’Chargers an d’Ravens nach openeen treffen. Sech gutt Chancen ausrechne kënne sech nach d’Dolphins an d’Colts (5:6 resp. 5:7), fir all déi aner Ekippe gëtt et méi schwiereg.

Och an der NFC gëtt et mat de Lions just eng Ekipp, déi aus 11 Partie just eng verluer huet. Dohannert kommen dann d’Eagles (9:2), d’Seahawks an d’Falcons (béid 6:5), d’Vikings (9:2), d’Packers (8:3) an d’Commanders (7:5). D’Cardinals (6:5) sinn aktuell zwar net qualifizéiert, sinn awer nach gutt dobäi. Chance kënne sech och nach d’Buccaneers, d’Rams an d'49ers ausrechnen, déi all bei 5:6 leien. D’Vikings an d’Packers leien trotz dem bessere Score just op de Plaze 5 a 6, well si an der selwechter Divisioun wéi d’Lions spillen a sech deen Éischten aus all Divisioun automatesch qualifizéiert, déi dräi lescht Ekippen an de Playoffs dann iwwert hire Ratio vu gewonnenen a verluerene Partien ausgerechent ginn.

D’Resultater am Iwwerbléck

Pittsburgh Steelers - Cleveland Browns 19:24

Kansas City Chiefs - Carolina Panthers 30:27

Minnesota Vikings - Chicago Bears 30:27

Tennessee Titans - Houston Texans 32:27

Detroit Lions - Indianapolis Colts 24:6

New England Patriots - Miami Dolphins 15:34

Tampa Bay Buccaneers - New York Giants 30:7

Dallas Cowboys - Washington Commanders 34:26

Denver Broncos - Las Vegas Raiders 29:19

San Francisco 49ers - Green Bay Packers 10:38

Arizona Cardinals - Seattle Seahawks 6:16

Philadelphia Eagles - Los Angeles Rams 37:20

Baltimore Ravens - Los Angeles Chargers 30:23

Back to Top
CIM LOGO