NFLBuccaneers an Giants stinn an de Playoffs

RTL Lëtzebuerg
Den Tom Brady an d'Tampa Bay Buccaneers hunn hiren éischte Matchball fir d'Qualifikatioun fir d'Playoffs spektakulär genotzt.

Am Duell mam Verfolleger Carolina Panthers konnte sech d’Buccaneers duerch e staarke véierte Véierel mat 30:24 duerchsetzen, nodeems se nach mat 10:21 zeréck louchen.

Domat steet den Tom Brady déi 14. Kéier hannerteneen an de Playoffs.

Och an de Playoffs stinn d’New York Giants no der 38:10 Victoire bei den Indianapolis Colts an dat déi éischte Kéier zanter 2006!

Back to Top
CIM LOGO