
Minnesota Vikings - New Orleans Saints 33:52
Mat dëser Victoire hu sech d’Saints definitiv hir Divisioun geséchert a kréien esou emol an hirem éischte Playoff-Match sécher en Heemmatch. Donieft ass et theoretesch nach méiglech, datt si an der Conference nach op déi éischte Plaz kommen an esou déi éischt Ronn vun de Playoffs aussetze kënnen. Ma net just dat. Den Alvin Kamara huet e Rekord agestallt, deen zanter 1929 besteet. Deemools war den Ernie Nevers vun den Chicago Cardinals fir 6 Touchdowns als Running Back gelaf, genau wéi de Kamara dëse Weekend géint Vikings. Eleng seng Leeschtung wier duergaangen, fir genuch Punkte géint d’Vikings ze markéieren, fir dëse Match ze gewannen. Ma och den Taysom Hill ass fir een TD gelaf an de Lutz huet 1 vun 1 bei de Fieldgoals a 7 vu 7 bei den Extrapoints. Den Drew Brees huet keng Pass fir en Touchdown gemaach, dofir awer 2 Interceptions gehäit. De Quarterback vun de Vikings Kirk Cousins hat 3 Touchdowns a keng Interception, ma seng Ekipp ass de Saints de ganze Match iwwer nogelaf an hat hir Victoire ni wierklech a Gefor bruecht.
Tampa Bay Buccaneers - Detroit Lions 47:7
Aus der Divisioun vun de Saints konnte sech dann op dësem Weekend och d’Bucs fir d’Playoffs qualifizéieren. Dëst ass déi éischte Kéier zanter 2007, datt et der Ekipp aus Tampa gelongen ass, nach ëm de Superbowl matzespillen. Fir hire Quarterback Tom Brady ass dëst awer méi e gewinntend Bild, hie war zanter 2002 all Joer mat dobäi, ausser 2008, wou hie blesséiert war. An dëser dach héijer Victoire stoung de Brady awer just déi éischt Hallschent um Terrain. Hei huet hien ëmmerhin 22 vu 27 Bäll un de Mann bruecht, dat fir 248 Yards a 4 Touchdowns. Mat där Leeschtung huet hien iwwregens e Rekord vun Bucs opgestallt, mat 34 Touchdown-Passen an enger Saison. De Blaine Gabbert konnt déi zweet Hallschent spillen, huet 9 vu 15 Bäll ubruecht, dat fir 143 Yards an 2 Touchdowns. Bei de Lions hunn déi dräi Quarterbacke gespillt. De Stafford hat sech fréi wéigedoen an huet missten eraus. Den Chase Daniels huet iwwerholl, konnt och 13 vun 18 Bäll un de Mann bréngen, dat fir 86 Yards ma keen Touchdown. De Blough huet dunn an de Schlussminutte gespillt, och hien huet keen Touchdown, ma eng Interception fäerdeg bruecht. Eenzeg Punkte fir d’Lions koumen duerch e Punt-Return vum Agnew, deen am drëtte Quarter 74 Yards an d’Endzone gelaf ass.
Cleveland Browns - New York Jets 16:23
Mat enger Victoire wieren d’Browns an d’Playoffs komm an domadder hätte dëse Fluch, dee scho 17 Joer undauert, kéinte briechen. Ma d’Jets, déi leschte Weekend hiren éischte Match gewonnen hunn, wollte sech doheem net ënner Wäert verkafen. An der Paus louche si scho mat 13:3 vir a konnten dat esouguer nach op 20:3 erhéijen. Ma de Baker Mayfield huet dono seng Ekipp an zwee gudden Drives nees bäibruecht, esou datt et mat 16:20 aus der Siicht vun de Browns an de leschte Véierel goung. Ma do war vill Hektik am Spill an eenzeg den Jets ass nach e Fieldgoal gelongen, esou wanne si verdéngt 16:23 doheem an d’Browns stinn an hirem leschte Match ënner Drock, fir sech d’Playoffs ze sécheren. Bei den Jets muss een no dësem Match hire Runningbacks Frank Gore ernimmen. Hien ass just ee vun 3 Runningbacks an der Geschicht vun der NFL, deen a senger Karriär iwwer 16.000 Rushing Yards gemaach huet, dat nieft den Hall of Famer Emmitt Smith a Walter Payton.
Denver Broncos - LA Chargers 16:19
U sech war den Duell tëscht de Broncos an den Chargers een, wou et ëm näischt méi gaangen ass, well béid Ekippe keng Chance méi op eng Plaz an de Playoffs hunn. Eenzeg ee Rekord stoung um Spill, deen de Rookie-Quarterback vun den Chargers gebrach huet. Mat 28 Touchdowns a senger éischter Saison huet hien der esou vill gehäit, wéi nach kee Quarterback virun him an huet den nach jonke Rekord vum Baker Mayfield domadder gebrach. An dësem Match war just een dobäi komm, dat op den Autsin Ekeler. Ma deen Touchdown plus déi véier Fieldgoals vum Mike Badgley sinn duergaangen, fir doheem géint d’Broncos ze gewannen, déi just een Touchdown an dräi Fieldgoals fäerdegbruecht hunn.
An der AFC hu sech d’Chiefs (14-1), d’Steelers (12-3) an d’Bills (11-3) sécher eng Plaz an de Playoffs geséchert, woubäi d’Chiefs och definitiv um éischte Spilldag fräi sinn. Weider dobäi sinn aktuell d’Titans, d’Dolphins, d’Ravens an d’Browns, déi alleguerten bei 10-5 stinn. Um leschte Weekend dierfe si awer net verléieren, well d’Colts mam selwechte Stand aktuell net qualifizéiert sinn. Si sinn zweet hannert den Titans an der AFC South.
An der NFC si scho 5 Playoff-Plaze fort, datt fir d’Packers (12-3), d’Saints (11-4), d’Seahawks (11-4) an d’Bucs (10-5). Gutt Chance behale weider d’Rams (9-6) an d’Bears (9:6), déi aktuell och eng Plaz hätten. Fir si ginn awer d’Cardinals (8:7) nach geféierlech. Washington ass aktuell als Leader vun der NFC East als Véiert gesat. Ma si leie just bei engem 6:9 a kéinten nach vun de Cowboys (6-9) respektiv esouguer den Giants (5-10) um leschte Spilldag vun der Playoffplaz verdriwwe ginn. Giants spillen iwwregens de leschte Spilldag doheem géint d’Cowboys a Washington muss op Philadelphia reesen.
Minnesota Vikings - New Orleans Saints 33:52
Tampa Bay Buccaneers - Detroit Lions 47:7
San Francisco 49ers - Arizona Cardinals 20:12
Miami Dolphins - Las Vegas Raiders 26:25
Denver Broncos - Los Angeles Chargers 16:19
Cleveland Browns - New York Jets 16:23
New York Giants - Baltimore Ravens 13:27
Cincinnati Bengals - Houston Texans 37:31
Tennessee Titans -Green Bay Packers 14:40
Chicago Bears - Jacksonville Jaguars 41:17
Atlanta Falcons - Kansas City Chiefs 14:17
Indianapolis Colts - Pittsburgh Steelers 24:28
Carolina Panthers - Washington Football Team 20:13
Los Angeles Rams - Seattle Seahawks 9:20
Philadelphia Eagles - Dallas Cowboys 17:37
An der Nuecht op en Dënschdeg reesen d’Bills nach bei d’Patriots.