
Déi ganz Kris huet natierlech och Auswierkungen op d’Lëtzebuerger Toppsportler an Olympiakandidaten. Dofir huet de Lëtzebuerger Comité Olympique elo e Moossnamepak decidéiert. All d’Athlete mat enger Olympiafërderung kënnen elo onkomplizéiert op de Budget 2020 zougräifen. D’Olympiafërderung geet och fir d’Athleten, déi d’Zil Tokio hunn, bis 2021 weider.
“Am Kontakt mat den Athleten hu mer gespuert, datt gewëssen Onsécherheeten do sinn, datt och d’Liewesplanung heiansdo nei orientéiert muss ginn, mir versichen dat esou wäit wei méiglech ofzefiederen a mir wollten hinne weisen, datt mir Vertrauen a si hunn. Mir wëllen do fir eis Athlete sinn, fir hinnen individuell ze hëllefen.”, esou den Heinz Thews vum COSL.
All d’Athleten, déi elo duerch d’Coronakris bei de Reeskäschte méi Depensen haten, kënnen de Budget fir dee Posten opgestockt kréien.
Wat d’Kaderrevisioun vun de Wantersportaarten ugeet, gëtt déi dëst Kéier ewechgelooss. Bei de Summersportaarte gëtt d’Situatioun nach emol am Hierscht evaluéiert.
“Mir hunn am Moment kee klore Kompetitiounskalenner, dorop musse mer Récksiicht huelen. Mir hoffen awer, datt et séier nees besser geet. Wann et sech awer net däitlech verbessert, da kann et esou goe wéi bei de Wantersportkaderen. Et ass ganz wichteg, den Athleten ze weisen, datt mer Vertrauen a si hunn.”
Sollt sech erausstellen, datt et nach ëmmer schwiereg war, en normalen Kompetitiounskalenner ze hunn, géif och d’Kaderrevisioun vun deene Sportaarten ausfalen an all d’Athleten, déi nach weiderhi Leeschtungssport wëlle maachen, bleiwen dann automatesch am COSL-Elite-, respektiv Promotiounskader.
Den internationalen Olympesche Comité hat jo scho matgedeelt, datt all déi Athleten, déi sech scho fir Tokio qualifizéiert hunn, hir Plaz och 2021 behalen. De COSL hält sech do un d’Virgab vum IOC, esou datt déi scho-qualifizéiert Lëtzebuerger Athleten och d’nächst Joer am Normalfall dobäi sinn.