
Den 19 Joer ale Spuenier trëfft an der Finall vum Grand Slam zu New York op den Norweger Casper Ruud.
Déi zwee Tennisspiller spillen e Sonndeg den Owend um 22 Auer eiser Zäit nieft dem Titel och ëm d’Nummer 1 an der Weltranglëscht.
Den 23 Joer alen Norweger hat sech an der Halleffinall vun New York mat engem 7:6 (7:5), 6:2, 5:7 a 6:2 géint de Russ Karen Chatschanow duerchgesat.
De Spuenier huet sengersäits an engem haart ëmkämpfte Match, deen iwwer véier Stonne gedauert huet, mat 6:7 (6:8), 6:3, 6:1, 6:7 (5:7) a 6:3 géint de Frances Tiafoe gewonnen.
Fir béid Spiller wär et déi éischt Victoire bei engem Grand Slam.