
De KSC wënnt e Sonndeg mat 2:1 géint Wehen Wiesbaden duerch Goler vum Pourie an Hofmann. De Carlson war an der 90. Minutt agewiesselt ginn.
Um 2. Spilldag an der Super League an der Schwäiz huet de Christopher Martins mat de Young Boys Bern 1:0 géint Neuchâtel Xamax gewonnen. Den Ngamaleu huet den eenzege Gol vum Match geschoss an de Lëtzebuerger Nationalspiller huet de ganze Match gespillt.
Och de Lars Gerson war e Sonndeg am Asaz an dat och iwwer de ganze Match beim 0:0 tëscht Göteborg an Norrköping.
Um Samschdeg huet Paderborn an engem Testmatch géint de spueneschen Traditiounsklub Athletic Bilbao 3:3 gedeelt, de Laurent Jans stoung 90 Minutte laang um Terrain. An der Paus war den Opsteiger an der Bundesliga souguer mat 2:1 vir.
De Lëtzebuerger Nationalspiller ass jo vum FC Metz bei de Bundesliga-Opsteiger SC Paderborn fir e Joer ausgeléint ginn. Den Opsteiger an déi éischt däitsch Liga huet awer och eng Kafoptioun.
Fir de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp goung mat dësem Wiessel ee vu senge gréissten Dreem an Erfëllung, fir an der Bundesliga kënnen ze spillen. Hie wollt sech dës Chance net entgoe loossen an huet d’Zil, mat haarder Aarbecht a gudde Leeschtungen et an d’Startformatioun ze packen.
De Steffen Baumgart, den Trainer vum SC Paderborn huet am Interview gesot, dass si frou wieren, dass de Laurent Jans do wier. Hie kéint seng Qualitéiten a puncto Tempo a Passspill gutt integréieren. Hie géing alles matbréngen, wat si sech vun engem Spiller op senger Positioun virstellen.