
Bei den Hären ass e Samschdeg de Moien zu Val d’Isère eng Descente bei schwéiere Wiederkonditioune gefuer ginn, bei där de Mauro Caviezel um Enn knapps d’Nues vir hat. Mat engem Virsprong vun 0,10 Sekonnen ass hie virum Simseth Sejersted an d’Zil komm a konnt sech domat déi éischt Weltcup-Victoire a senger Karriär sécheren. Nach an d’Top-3 huet et de Christian Walder aus Éisträich mat engem Retard vun 0,54 Sekonne gepackt.
Méi spéit waren d’Dammen dann am Riseslalom zu Courchevel a Frankräich gefuerdert an och hei waren d’Wiederkonditiounen net déi Bescht. Um Enn konnt sech d’Marta Bassino aus Italien mat engem Virsprong vun 0,46 Sekonne virun der Schwedin Sara Hector duerchsetzen. Knapps hannendrun ass d’Petra Vlhova op déi 3. Plaz komm.