
Déi fréier Tennisspillerin, déi et an der Weltranglëscht esouguer bis an d’Top 800 gepackt hat, huet virun e puer Joer hir Léift fir de Padel entdeckt. Paddel ass e Mix aus Tennis a Squash. D’Céline François ass Presidentin vum Paddel-Club “Letz make it padel”.
Ëmmer méi Leit fannen de Wee bei dës Sportaart, déi aus Mexiko kënnt, an iwwert de Süde vun Europa de Wee bei eis fonnt huet. Och eng ganz Rei berüümte Sportler aus dem Futtball oder aus der Formel 1 gesäit een ëmmer nees op de soziale Medien, wéi si dësem Hobby noginn. Hei zu Lëtzebuerg gëtt Padel och ëmmer méi populär. De Klub vum Céline François huet mëttlerweil iwwer 400 Memberen. Zanter kuerzem gëtt et och eng Lëtzebuerger Nationalekipp am Padel. Padel gëtt ëmmer am Dubbel gespillt. Fir déi ganz engagéiert Presidentin gëllt et elo, an Infrastrukturen ze investéieren, well Padel-Terrainen géifen et der definitiv net genuch ginn.
Dës Woch ass d’Céline François Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
De komplette Podcast fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.
*D’Gespréich mam Yannick Kakoko gouf virum 12. Spilldag an der BGL Ligue opgeholl.