
D’Finall vun der Futtball-Champions-League gëtt an Zukunft schonn um 18 Auer ugepaff an net méi wéi bis ewell um 21 Auer. Dat huet déi Europäesch Futtball-Unioun (Uefa) en Donneschdeg matgedeelt.
D’Finall vun der aktueller Champions-League-Saison gëtt deemno den 30. Mee 2026 um 18 Auer zu Budapest ugepaff.
Der Uefa no wier d’Zil, “de Spilldag fir jiddereen, dee matféiwere wëll, zu engem richtegen Erliefnis ze maachen a gläichzäiteg eng aluedend Atmosphär ze schafen, déi et Famillen a Kanner erliichtert, beim gréissten a wichtegste Futtballmatch vun der Saison dobäi ze sinn.” Donieft soll mat der neier Ustousszäit och e méi breeden Tëleespublic erreecht ginn.
D’Gruppen- an d’K.o.-Matcher, déi ënnert der Woch gespillt ginn, solle weiderhin haaptsächlech um 21 Auer ugepaff ginn.
Op RTL kënnt Dir och dës Saison nees d’Champions League live suivéieren. Op RTL.lu fannt Dir donieft de Spillplang, d’Tabell, d’Statistiken an déi verschidden Ekippen.