OregonCharel Grethen a Patrizia van der Weken op der Liichtathletik-WM

RTL Lëtzebuerg
E Freideg fänken zu Eugene am US-Bundesstaat Oregon, d'Weltmeeschterschaften an der Liichtathletik un. Och Lëtzebuerg ass vertrueden.
© AFP Archiv

Dat mam Charel Grethen a Patrizia van der Weken. Fir béid FLA-Vertrieder ass et den Héichpunkt vun der Saison.

Virschau Liichtathletik WM / Reportage Rich Simon

Am Mäerz war d’Patrizia van der Weken schonns bei der Indoor-WM mat dobäi. D’Outdoor-Weltmeeschterschaft ass elo eng Première. Iwwert de World Ranking huet sech d’FLA-Vertriederin fir d’WM qualifizéiert. Ufank Juli ass d’Patrizia van der Weken nees eng perséinlech Beschtleeschtung gelaf. Hiren nationale Rekord iwwer 100 Meter steet elo bei 11 Sekonnen an 29 Honnertstel. D’Form ass also fir de grousse Rendez-vous do. Zanter puer Deeg ass d’Sprinterin och schonns an den USA. “Ech hu mech scho gutt un d’Zäitëmstellung gewinnt. Lo maache mir nach eng Kéier déi lescht wichteg Eenheete virun der WM. Mäin Zil ass et, fir mech esou gutt wéi méiglech ze verkafen an esou vill wéi méiglech Plazen an der Placéierung gutt ze maachen. Et ass ëmmer schwéier virdrun ofzeschätzen, wat méiglech ass. Ech freeë mech einfach op déi Experienz”

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg um 2.10 Auer mëtteleuropäesch Zäit geet d’Patrizia van der Weken un den Depart iwwer 100 Meter. An dat selwecht gëllt fir de Charel Grethen, deen um 3.30 Auer iwwer 1500 Meter start. Op där Distanz kënnt d’Konkurrenz haaptsächlech aus Europa.

Den Niveau an Europa op de 1500 ass immens héich. Zu Tokio waren 8 vun 13 Finalisten Europäer. Do gesäit een, datt et net einfach ass, och op enger EM an d’Finall ze kommen. Dofir ass d’Finall elo och mäin Haaptzil.”

Mam Bob Bertemes hat nach een 3. FLA-Athlet d’Qualifikatioun gepackt. Wéinst engem schwieregen Optakt vun der Saison huet de Bommstousser awer op d’WM verzicht.

Back to Top
CIM LOGO