Olympesch SpillerCharel Grethen als grouss Iwwerraschung an der Lëtzebuerger Delegatioun

RTL Lëtzebuerg
12 Lëtzebuerger Sportler waren dëst Joer op den Olympesche Spiller mat dobäi. Fir dat bescht Resultat huet de Charel Grethen gesuergt.
© RTL

Charel Grethen bei Olympia / Rep. Rich Simon

Um zweetleschten Dag ass hien iwwer 1.500 Meter den 12. ginn. Hie war déi grouss Iwwerraschung an der Lëtzebuerger Delegatioun.

Wat déi aner Resultater ugeet, muss ee soen, datt déi éischter duerchwuesse waren. De Chef de Mission zu Tokio, Heinz Thews, wollt e Sonndeg nach keng detailléiert Analys vun de Resultater maachen. Déi misst een nämlech mat de concernéierte Federatioune maachen. 2016, no de Spiller zu Rio, hat ee sech selwer awer ee Slogan ginn, sou den Heinz Thews: “The best training... possible every day! Dat heescht, datt all Minutt, déi mir fir den Training zu Verfügung hunn, optimal notzen.”

Dat d’Zil wier dem Heinz Thews no awer net zu 100 Prozent ëmgesat ginn: “Dat muss ee sech einfach agestoen. Dat louch zum Deel un äusseren Ëmstänn. Et louch awer och zum Deel drun, datt mir kee entspriechend Ëmfeld ëm d’Athlete kruten. Datt d’Ëmfeld gestéiert gouf a mir hunn och Trainerwiessel erlieft, déi zu deem Zäitpunkt net optimal waren.”

Zu Tokio goufen et a ville Sportaarten extrem gutt Resultater. Mat ënnert anerem Olympia- a Weltrekorder. Den Heinz Thews féiert dat dorobber zeréck, datt vill Sportler sech wéinst Corona méi op den Training wéi op Kompetitioune konzentréiert hunn. Et misst een aus Lëtzebuerger an Zukunft d’Kompetitiounen an déi domadder verbonne Reesen, wou ee 7-8 Mol am Joer an aner Zäitzone flitt, besser koordinéieren.

“Mir wëssen alleguerten, datt dat d’Leeschtung immens stéiert. Mir maachen et awer, well d’Kompetiounssystemer esou gestréckt sinn. D’Athlete maachen och léiwer Kompetitiounen wéi datt se trainéieren. Dës Kéier war d’Zäit do, fir fundéiert a geziilt an iwwer eng länger Zäit d’Potenzial ze verbesseren. Dorausser musse mir léieren an och besser domadder ëmgoen. Wéini maache mir Kompetitiounen a wéi eng maache mir?”, sou den Heinz Thews.

Den Heinz Thews seet, datt, wann alleguerten déi Parametere stëmmen, datt een dann Athlete kritt, déi sech an der erweiderter Weltspëtzt kënnen etabléieren.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO