3 Minutten, 35 Sekonnen an 48 HonnertstelCharel Grethen leeft neie Meetingrekord zu Bellinzona

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war de Lëtzebuerger Liichtathlet, deen et op den Olympesche Spiller an d'1.500-Meter-Finall gepackt hat, an der Schwäiz am Asaz.
© pressphoto.rtl.lu / Archiv

Beim Meeting vu Bellinzona konnt de Charel Grethen sech déi éischt Plaz sécheren an huet an engems en neie Meetingrekord opgestallt. Dofir huet de Lëtzebuerger fir déi 1.500 Meter 3 Minutten, 35 Sekonnen an 48 Honnertstel gebraucht. Domadder war de Lëtzebuerger bal dräi an eng hallef Sekonn méi lues, wéi säin aktuelle Landesrekord vun 3 Minutten, 32 Sekonnen a 86 Honnertstel, deen hien de 5. August op den Olympesche Spiller zu Tokio opgestallt huet.

Zweeten an der Course gouf de Tschech Filip Sasinek, dee just ganz knapp hannert dem Charel Grethen ukoum. Op d’Plaz 3 koum den Italiener Pietro Arese mat bal 2 Sekonne Retard.

Back to Top
CIM LOGO