Liichtathletik - Diamond LeagueCharel Grethen mat Saison-Beschtzäit a 7. Plaz

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg ass de Charel Grethen zu Zürich bei der Finall iwwer 1500 Meter vun der Diamond League un den Depart gaangen.
© AFP

Hei konnt de Lëtzebuerger sech mat enger neier Beschtzäit (3:33.16) fir dës Saison déi 7. Plaz an enger ganz staark besater Course sécheren.

Éischten ass iwwerdeems de jonke Jakob Ingebrigtsen mat enger Zäit vun 3 Minutten, 29 Sekonnen an 2 Honnertstel ginn. Dat ass déi séiersten Zäit, déi 2022 iwwer 1500 Meter gelaf ginn ass.

Back to Top
CIM LOGO