Liichtathletik: Indoor-WMCharel Grethen verpasst Finall, Bob Bertemes am Bommstoussen op Plaz 13

RTL Lëtzebuerg
Op der Indoor-Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik zu Belgrad konnt de Charel Grethen sech net fir d'Finall vun de 1500 Meter qualifizéieren.
Charel Grethen verpasst 1500m-Finall
Op der Indoor-Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik zu Belgrad konnt de Charel Grethen sech net fir d’Finall vun de 1500 Meter qualifizéieren.

An der zweeter vu véier Serien ass de Charel Grethen de 4. ginn.

Fir déi 1500 Meter, huet hien 3 Minutten, 44 Sekonnen a 87 Honnertstel gebraucht. Domadder ass hie ronn 6 Sekonnen iwwer sengem Lëtzebuerger Indoor-Rekord bliwwen.

Bei der Finall am Bommstoussen ass de Bob Bertemes e Samschdeg den Owend den 13. ginn. Mat engem gëltege Versuch vun 20.10 Meter ass et fir de Lëtzebuerger net duergaangen, fir sech fir déi dräi weider Versich ze qualifizéieren. Hien ass domadder och kloer ënnert sengem Lëtzebuerger Indoor-Rekord vun 21,03 Meter bliwwen.

Déi dräi Lëtzebuerger am Virfeld vun der WM am Interview

D'Patrizia van der Weken am Interview
...
De Bob Bertemes am RTL-Interview
....
De Charel Grethen am RTL-Interview
....

Back to Top
CIM LOGO