Am fréien Owend sinn d’Finallen am Dubbel gespillt ginn. Bei den Häre kennen sech de Charles Berna & Noé Plique mat 7:6, 3:6 a 10:5 géint de Gilles Kremer & Robi Tholl duerchsetzen a gewannen domat den Titel am Dubbel.
E Sonndeg um 16 Auer ass et dann un der Dubbelfinall vun den Dammen. Hei heescht den Duell Erna Brdarevic / Tatiana Silbereisen géint Amélie Weckerle / Marie Weckerle.
Am nationalen Tennis Center stoungen e Samschdeg Mëtteg dann och nach d’Halleffinalle bei den Hären an den Dammen um Programm.
Bei den Hären huet sech an der 1. Halleffinall de Christophe Nickels mat 7:5 a 6:3 géint de Robi Tholl konnten duerchsetzen a steet domat e Sonndeg an der Finall. Am zweete Match gewënnt de Gilles Kremer mat 2:6, 7:5 a 6:1 géint de Charles Berna.
Tatiana Silbereisen konnt sech bei den Dammen fir d’Finall qualifizéieren. De Match géint Claudine Schaul ass mat 4:6, 6:1 a 6:2 gewonne ginn. An der Finall kritt Tatiana Silbereisen et mam Marie Weckerle ze dinn. Sie konnt hire Match mat 6:3 a 7:5 géint Liz Baddé wannen.
D’Finalle ginn um Sonndeg gespillt.
Hei fannt Dir déi komplett Resultater.
