Champions LeagueChelsea klappt Lille, Liverpool wënnt geckeg Partie

RTL Lëtzebuerg
Um 2. Spilldag vun der Champions-League-Gruppephas huet Lille 1:2 géint Chelsea verluer. Barcelona louch géint Inter hannen, konnt de Match awer dréien.
© afp

Alleguerten d’Partien an d’Goler aus de Gruppen E,F,G an H am Iwwerbléck.

Champions League/Reportage Guy Seyler

Grupp H

Lille OSC - FC Chelsea 1:2
0:1 Abraham (22'), 1:1 Osimhen (33'), 1:2 Willian (78')

Mat Leit wéi Giroud, Hudson-Odoi, Kovačić a Pedro op der Bänk ass den FC Chelsea beim LOSC ugetrueden. Lille, de Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Gérard Lopez, hat sech virum eegene Public géint d’Blues Chancen ausgerechent. Et waren awer an der Ufanksphas vun der Partie virun allem d’Englänner, déi den Toun uginn hunn an de meeschte Ballbesëtz haten. D’Jonge vum Trainer Frank Lampard hu sech an der 22. Spillminutt belount a si mat 1:0 a Féierung gaangen. Den Tomori huet de Ball geféierlech erageflankt an do stoung den Abraham, deen dat ronnt Lieder just nach huet missen unhuelen an erasetzen.

Op der Stonn ass Lille dunn erwächt a konnt sech déi eng oder aner geféierlech Golgeleeënheet erausspillen. An der 33. Spillminutt gouf de Veräin vum Gérard Lopez du belount. Op Korner huet den Osimhen de Ball mam Kapp eragesat - 1:1! Och am weidere Verlaf vun der 1. Hallschecht war de LOSC um Drécker, et goung awer mat dem 1:1 an d’Paus.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschecht
Onkommentéiert Bildmaterial

Lille koum ganz gutt aus de Kabinnen a konnt sech kuerz no der Paus eng Rëtsch geféierlech Golaktiounen erausspillen - den Trainer Galtier huet awer kee weidere Gol vu senge Jonge gesinn. Am leschten Drëttel vum Match waren et awer d’Blues, déi méi Spillundeeler haten an dowéinst och hätte missen a Féierung goen.

Fir d’Virentscheedung huet de Willian du gesuergt. De Brasilianer krut op der rietser Säit de Ball geflankt an huet per Volley dem Maignan am Gol vum LOSC absolut keng Chance gelooss. Eng lescht Schlussoffensiv vun de Fransousen ass ausbliwwen, soudatt Chelsea mat 3 Punkten hannescht op d’Insel reese konnt.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschecht
Onkommentéiert Bildmaterial

All d’Goler vum Match

Den Chelsea-Spiller Abraham huet de Score opgemaach
D’Blues waren zu Lille a Féierung gaangen.
Stramme Käpper vum Osimhen suergt fir den 1:1
Nom Gol vum LOSC koum Hoffnung bei de Fransousen op.
Chelsea mat 2:1-Erfolleg géint Lille
De Willian huet mat sengem Gol d’Partie fir d’Blues entscheet.

FC Valencia - Ajax Amsterdam 0:3
0:1 Ziyech (7'), 0:2 Promes (34'), 0:3 Van de Beek (67')

Am Estadio Mestalla zu Valencia waren d’Gäscht aus Amsterdam de Favorit. Den Halleffinalist vun zejoert huet vun engem wonnerbare Schoss vum Ziyech aus dem rietsen Halleffeld profitéiert an ass duerch dëse Gol an der 7. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Valencia wollt zeréck an de Match fannen an hat no 25. Minutten op Penalty d’Chance dozou. De Parejo huet awer den Eelefter verschoss. Ajax huet weider frech opgespillt a konnt knapp 10 Minutte virun der Paus op 2:0 erhéijen.

Ajax Amsterdam war am weider Verlaf vun der Partie déi méi clever an technesch staark Ekipp. D’Spuenier haten domat Problemer. An der 67. Spillminutt hunn d’Hollänner sech gutt duerch d’Ofwierreie kombinéiert an op en Neits getraff. Um Enn stoung eng däitlech Victoire fir Ajax um Tableau.

D'Highlighte vun der 3:0-Victoire vun Ajax
Ajax huet zu Valencia näischt ubrenne gelooss. Dem Ziyech säin 1:0 war iwwerdeems kuckenswäert.

Grupp G

Zenit St. Petersburg - Benfica Lissabon 3:1
1:0 Dyzuba (22'), 2:0 Dias (70'), 3:0 Azmoun (78'), 3:1 De Tomas (85')

Benfica hat um 1. Spilldag géint Leipzig verluer a wollt auswäerts beim Zenit punkten. No eppes méi wéi 20 Minutte waren d’Portugisen awer well hannen, dat nodeems den Dzyuba fir seng Faarwe markéiert hat. Benfica konnt säi séiert Kuerzpassspill och am weidere Verlaf vun der 1. Hallschecht net op den Terrain bréngen: 1:0 fir d’Gäscht no 45 Minutten. Benfica hat och nom Téi de Russen näischt méi entgéintzesetzen an huet sech a Persoun vum Dias selwer nach ee Gol geschoss. D’Portugise waren duerno komplett vum Rullo an hunn 12 Minutte viru Schluss den 0:3 kasséiert. An der 85. Minutt ass hinnen awer nach den 1:3-Uschlosstreffer gelongen - dësen huet awer näischt méi un der Defaite geännert.

RB Leipzig - Olympique Lyon 0:2
0:1 Depay (11'), 0:2 Terrier (65')

D’Ekipp vum Trainer Julian Nagelsmann war doheem virum eegene Public ufangs déi méi aktiv Ekipp. Lyon, déi an der franséischer Liga kee gudde Start erwëscht hunn, konnt awer no 11 Minutten duerch den Depay e bësse géint de Spillverlaf a Féierung goen. Duerno waren et weider déi Däitsch, déi no vir gespillt a sech Golgeleeënheeten erausgespillt hunn. RB ass an den éischte 45 Minutte kee Gol gelongen, esoudatt et mat engem 0:1-Réckstand fir d’Paus an d’Katakombe goung.

Leipzig war am 2. Duerchgang gefuerdert, huet sech awer virun allem beim Spillopbau mat ville Ballverloschter d’Liewe selwer schwéier gemaach. Dovun hunn d’Gäscht aus Frankräich an der 65. Minutt profitéiert an de Score op 2:0 aus hirer Siicht gestallt. All Beméiung ass um Enn fir RB net duergaangen, dëse Match nach eng Kéier ze dréien.

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp G
Leipzig muss doheem Néierlag astiechen a Benfica hat näischt bei Zenit ze gutt.

Grupp F

Slavia Prag - Borussia Dortmund 0:2
0:1 Hakimi (35'), 0:2 Hakimi (89')

An der tschechescher Haaptstad war Dortmund vun Ufank un déi méi aktiv Ekipp - ee Gol wollt awer an den Ufanksminutten net fir de BVB falen. Et huet bis 10 Minutte virum Téi gedauert, ier den Hakimi propper hannen eraus mat dem Brandt eng flott Une-deux gespillt huet an esou fräie Laf a Richtung Slavia Gol hat. De Marokkaner huet am 16-Meterraum nach zwee Verteideger ëmspillt an de Ball herrlech an den ieweschte Wénkel gesat. Ähnlech ass och den 2. Gol vun Dortmund gefall an op en Neits war den Hakimi am Coup.

Déi Kéier ass den Dortmunder op Konter iwwer déi lénks Säit lancéiert ginn an huet dat ronnt Lieder duerch d’Been vum Kipper am Filet ënnerbruecht. Allgemeng waren d’Borussen an der 2. Hallschecht schwaach. Dem Lucien Favre seng Ekipp huet et awer fäerdegbruecht, mat enger 2:0-Victoire am Gepäck d’Heemrees unzetrieden.

© afp

FC Barcelona - Inter Mailand 2:1
0:1 Martinez (3'), 1:1 Suarez (58'), 2:1 Suarez (85')

D’Katalane sinn eigentlech als Favorit an d’Partie géint Inter gaangen. De fënneffachen Champions-League-Gewënner vu Barcelona krut awer direkt an der 3. Spillminutt déi kal Dusch vum Martinez. Den Argentinier huet sech op der lénkser Offensivsäit géint de Lenglet duerchgesat an de Ball am Filet ënnerbruecht. Barça huet den 0:1 géint sech ganz schlecht verdaut a konnt sech am Nou Camp esouguer no den éischte 45 Minutte glécklech schätzen, net mat 0:2 a Réckstand ze sinn. Inter huet frech opgespillt an ass verdéngt mat der Féierung an d’Paus gaangen.

Esou konnt et fir Barcelona am 2. Duerchgang net weider goen an d’Äntwert koum! No engem perfekte Ball vum Vidal an d’Mëtt zéckt den Uruguayer net laang an zitt direkt fest of. Den Handanovic am Gol vun den Italiener hat keng Chance an domat war d’Partie nei lancéiert. D’Heemekipp hat Blutt geleckt a wollt virum eegene Public onbedéngt déi 3 Punkten. 5 Minutte viru Schluss huet de Suarez mat sengem 2. perséinleche Gol fir kloer Verhältnisser gesuergt an d’Partie entscheet.

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp F
Inter huet zu Barcelona d’Féierung verspillt an Dortmund konnt zu Prag wannen.

Grupp E

KRC Genk - SSC Napoli 0:0

Eng ganz animéiert Partie hunn d’Zuschauer an der Luminos Arena zu Genk gesinn: et ass vun Ufank un hin an hier gaangen. Déi bescht Golgeleeënheeten haten awer d’Gäscht aus Italien, dat a Persoun vum Milik. De Mann aus Polen huet an den éischte 45 Minutten direkt zweemol Aluminium getraff. Ma net just déi 1., ma och déi 2. Hallschecht ass ouni Goler op en Enn gaangen.

FC Liverpool - RB Salzburg 4:3
1:0 Mané (9'), 2:0 Roberston (25'), 3:0 Salah (36'), 3:1 Hwang (39'), 3:2 Minamino (56'), 3:3 Haland (60'), 4:3 Salah (69')

Den Titelverdeedeger vu Liverpool ass fréi duerch de Mané an den Avantage geroden, dat nodeems de Senegales sech flott iwwer Lénks duerchsetzen an doropshin erfollegräich ofschléisse konnt. D’Reds hunn de Fouss net vum Gas geholl - am Géigendeel. De Robertson gouf no 25 Minutten an der Mëtt propper vum Alexander-Arnold zerwéiert an huet fir den 2:0 just nach misse säi Fouss dohin halen.

Liverpool war och am weidere Verlaf vum 1. Duerchgang déi méi aktiv Ekipp a konnt ronn 10 Minutte virun der Paus a Persoun vum Salah ee Gol dropsetzen. Salzburg huet sech awer gewiert a konnt mat engem secke Schoss vum Hwang den 1:3-Uschlosstreffer realiséieren. Mat dësem Score goung et an d’Paus.

Wie gemengt huet, Liverpool géif d’Féierung labber erofspillen, deen huet sech geiert. D’Éisträicher sinn nämlech kuerz nom Téi nees op ee Gol erukomm, wéi de Minamino op 2:3 verkierze konnt. D’Reds ware geschockt an zu deem Ament vum Rullo. RB huet vun der Onuerdnung beim Titelverdeedeger profitéiert a konnt a Persoun vum Haland op der Stonn ausgläichen.

Elo waren nees d’Reds gefuerdert. An engem komplett geckege Match war et op en Neits de Salah, dee fir seng Faarwe markéiere konnt an d’Heemekipp domat op d’Schinne vum Erfolleg geluecht huet. An de leschten 20 Minutte goung et weider hin an hier, mä um Enn war Liverpool d’Victoire net méi ze huelen.

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp E
Nullnummer tëscht Genk an Napoli. Gol-Reen tëscht Liverpool a Salzburg.

Back to Top
CIM LOGO