Europa LeagueChelsea léisst Arsenal keng Chance: 4:1!

RTL Lëtzebuerg
An der reng englescher Finall e Mëttwoch den Owend konnte sech Blues kloer géint d'Gunners behaapten.

Wat déi éischt Hallschent net versprach hat, huet déi zweet gehalen - sou kéint een d’Finall vun der Europa League tëscht dem FC Chelsea an dem FC Arsenal e Mëttwoch den Owend an der aserbaidschanescher Haaptstad Baku resüméieren.

An den éischte 45 Minutte ware Golchancë rar, vu spektakulären Aktiounen net ze schwätzen. Béid Ekippen hunn ... enttäuscht.

No der Paus war et dunn awer ee ganz anere Match, dee virun allem den Chelsea-Fans gefall dierft hunn.

No nëmme 4 Minutten huet de Giroud nämlech den 1:0 geschoss, säin 11. Gol an der aktueller Campagne.

Domat war Arsenal forcéiert ze reagéieren. Ma et ass weider gutt fir d’Blues gelaf, well an der 60. huet de Pedro Rodríguez getraff an an der 65. och nach den Hazard, dat op Eelefmeter, well de Giroud - e bëssen onglécklech - am 16-Meter ëmgerannt gi war.

Also 3:0 fir Chelsea an nach just 25 Minutten ze spillen ... eng Virentscheedung? Nach net, well an der 69. Minutt huet den Iwobi mat engem flotte Schoss op 1:3 aus Gunners-Siicht verkierzt.

No deene ville verréckten Europa-Matcher an der Lescht huet ee sech musse froen: Geet do nach eppes? Ma Chelsea huet d’Fro séier beäntwert, well quasi am Géigenzuch huet den Hazard deen alen Ecart vun 3 Goler nees hiergestallt: An der 72. huet den Hazard säin zweete perséinleche Gol geschoss, also 4:1.

Duerno goung et hin an hier mat flotte Chancen op béide Säiten, um Score sollt sech allerdéngs näischt méi änneren.

Chelsea dierf sech also iwwer den Europa-League-Titel freeën, fir Arsenal ass et eng weider Defaite an enger Finall an domat ass een déi aner Saison net an der Champions League vertrueden.

[commenst]

Back to Top
CIM LOGO