Och fir Futtballspiller ass et an Covid-Zäiten net einfach, en neie Veräin ze fannen, wann e Kontrakt ausgelaf ass. Esou ass et och dem Chris Philipps ergaangen.
Déi lescht Méint waren alles anescht wéi einfach fir de Chris Philipps. No u sech engem gudden éischte Joer bei Legia Warschau ass et duerno ënnert anerem duerch Blessure konstant biergof gaangen. De Championstitel a Polen mat Legia war sécherlech den Héichpunkt bis elo an der Karriär vum 55-fache Lëtzebuerger Nationalspiller.
Zu Lommel an der Belsch, wou hie fir d’lescht gespillt huet, gouf säi Kontrakt net verlängert.
Et ass awer wéi sou dacks am Liewen, heiansdo muss een ee Schratt zeréckgoen, fir duerno der nees 2 no vir ze maachen, de Chris Philipps wäert nämlech vum Januar u fir Wolz an der BGL Ligue spillen.
Et kann ee wuel soen, datt et ee Schratt zeréck ass, an awer dee logesche fir mech an dëser Situatioun. Dobäi kënnt och, datt mam Veräin ofgeschwat ass, datt wann eng deementspriechend Offer aus dem Profi-Beräich géif kommen et net definitiv ass. Ech wëll awer betounen, datt ech Wolz dankbar sinn, fir déi Chance, déi ech kréien an datt ech mech immens freeën op dat wat elo kënnt.
Zanter August huet de Chris Philipps beim FC Wolz 71 mat trainéiert.
An de Veräin mer déi Méiglechkeet ginn huet, fir mech fit ze halen, fir wann eppes komm wär. Duerch ënnert anerem déi sanitär Situatioun ass awer näischt komm.
Fir de Philipps, dee bei Harel, Ettelbréck an dem FC Metz forméiert gouf, konnt et beim Retour an d’Land just de Veräin aus dem Norde sinn.
Et ass, well de Veräin sech beméit huet, et ass och eng Häerzenssaach. Ech sinn zu Wolz gebuer, sinn hei an de Lycée gaangen. A si hunn e Projet mat Spiller aus der Géigend.
De Chris Philipps hat sech net virgestallt, schonn nees esou frei zeréck op Lëtzebuerg mussen ze kommen. Positiv an dëser Zäit ass awer, datt den eenandrëssegfache Ligue-1-Spiller am Dezember Papp gëtt. An niewebäi, Wolz steet an der BGL Ligue als Opsteiger no 8 Spilldeeg op der 4. Plaz an der Tabell, an dem Philipps säi ganz gudde Kolleeg Ralph Schon steet tëscht de Pottoen.
Chris Philipps wëllt zeréck an d’Nationalekipp
Déi lescht Jore war de Chris Philipps eng fest Gréisst am Kader vum Luc Holtz.
Als Spiller an der BGL Ligue huet een et net ëmmer ganz einfach, fir nominéiert ze ginn.
Onméiglech ass et trotzdeem net. Et gesäit ee jo, datt awer eng Partie Spiller nach dobäi sinn a souguer deelweis och zum Asaz kommen.
Elo ass et als éischt emol u mir, Leeschtung ze weisen a mech dann u sech dem Nationaltrainer opzedrängen an dann ass et hunn him eng Decisioun ze huelen.
De Chris Philipps huet zu Wolz ee Kontrakt vun zwee an engem hallwe Joer ënnerschriwwen.