
Schonns am Nomëtteg konnt sech den Dimitri van den Bergh an engem spannende Match mat 5:3 géint den Jonny Clayton duerchsetzen. De Belsch huet gutt gescored a konnt mat 13 geworfenen 180er iwwerzeegen. Den 28 Joer ale van den Bergh war virun allem an der Schlussphas vum Match besser wéi säi Géigner a steet domat an der Halleffinall.
An der zweeter Véierelsfinall huet de Michael Smith sech mat 5:3 géint de Stephen Bunting duerchgesat. De “Bully Boy” huet am Average bal 6 Punkte manner geschoss wéi säi Géigner, mee war vill méi konsequent op den Duebel-Felder. Hei hat de Smith eng Quot vu bal 50%, iwwerdeems de Bunting manner wéi 25% getraff huet.
An der Owend-Session gouf et dunn eng fauschtdéck Iwwerraschung. Do huet de Gabriel Clemens nämlech d’Nummer 1 vun der Welt eliminéiert. Mat 5:1 gewënnt den Däitsche géint de Gerwyn Price, nodeems de Price nach den éischte Saz gewonnen hat. De Weltmeeschter vun 2021 huet wäit ënnert sengem Niveau gespillt, iwwerdeems de Clemens mat 99,94 säi beschten Average bei der WM gespillt huet.
Am leschte Match gouf et dann eng dominant Leeschtung vum Michael van Gerwen. Den Hollänner huet de Chris Dobey mat 5:0 iwwerrannt. Den Dobey hat zu kengem Zäitpunkt eng Chance, an de Match ze kommen. Am Ganze konnt hie just 3 Legs gewannen. De Michael van Gerwen huet en Average vun iwwer 102 gespillt a steet fir déi 8. Kéier a senger Karriär an der Halleffinall vun der WM.
Dimitri van den Bergh - Michael van Gerwen
Gabriel Clemens - Michael Smith