CoronavirusCoequipier vum Laurent Jans positiv getest

RTL Lëtzebuerg
De Luca Kilian, Coequipier vum Laurent Jans zu Paderborn, ass deen 1. Spiller an der Bundesliga, dee positiv op de Coronavirus getest ginn ass.

Den SC Paderborn huet e Freideg den Owend matgedeelt, datt mam Luca Kilian ee vun hire Spiller positiv op de Coronavirus getest ginn ass. De Paderborner ass deen Éischten, deen an der Bundesliga positiv getest ginn ass.

E Samschdeg maachen alleguer d’Spiller an d’Mataarbechter vum SC Paderborn och een Test, fir ze kucken, ob si sech och infizéiert hunn. Resultater soll et e Méindeg ginn. Een Deeler vun der Ekipp gouf fir sécher ze goen a Quarantän gesat.

Paderborn hätt e Freideg den Owend u sech sollte géint d’Fortuna vun Düsseldorf spillen. D’DFL hat awer am Nomëtteg matgedeelt, datt een de Spillbetrib bis op Weideres géing stoppen.

Vum Veräin heescht, datt een no Récksprooch mat den Autoritéiten déi néideg Moossname géing an d’Weeër leeden, fir d’Ausbreedung vum Virus sou gutt wéi méiglech ze verhënneren. D’Gesondheet vun de Spiller an de Mataarbechter géing weiderhin absolut am Virdergrond stoen an et géing een alles maachen, fir de Spiller an de Mataarbechter déi bescht méiglech medezinesch Betreiung ze erméiglechen, sou de Martin Przondzione vum SC Paderborn.

De Kilian huet an dëser Saison 13 Matcher an der Bundesliga gespillt. Wéinst enger Blessur hat hien zanter enger Zäit scho keen Asaz méi. Fir d’lescht stoung hien den 19. Januar fir Paderborn um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO