
An der däitscher Bundesliga huet um Sonnden den Owend Mainz iwwerraschend däitlech mat 5:1 géint Hoffenheim gewonnen. De Leonardo Barreiro souz 90 Minutten op der Mainzer Bänk. Och beim 1. Match vum neien Trainer krut de Lëtzebuerger deemno keng Chance, säi Kënnen ënner Beweis ze stellen.
An der Schwäizer Super League hunn d’Young Boys Bern auswërfs zu Sion mat 4:3 gewonnen. An der 78. Minutt ass de Christopher Martins fir de Spillmann agewiesselt ginn. No laanger Verletzungspaus ass de Lëtzebuerger Nationalspiller also erëm fit a bereet, senger Ekipp am Kampf ëm den Titel ze hëllefen.
An der 2. belscher Liga hu sech Royal Excelsior Virton an de KSV Roeselare d’Punkte gedeelt. Beim 1:1-Gläichspill stoungen d’Lëtzebuerger Moris, Malget an Turpel vun Ufank un um Terrain. De Malget krut an der 27. Minutt eng Giel Kaart. Den Turpel huet an der 77. Minutt misse fir de Kore Plaz maachen. De Joachim huet 90 Minutten op der Bank Platz geholl.
Am russesche Championnat leeft et aktuell net all ze gutt fir Ufa mam Olivier Thill. Géint den Tabelleleschten ass een e Sonndeg net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. Ufa ass nëmmen nach 1 Punkt vun den Ofstigsplazen ewech. Den Olivier Thill stoung fir d’Lokalekipp an der Startformatioun a gouf an der 65. Minutt ausgewiesselt.
An der Ukrain stoung de Marvin Martins fir Karpaty Lwiw vun Ufank un um Terrain. No 90 Minutten huet ee sech awer misse mat 1:2 géint Olimpik Donezk geschloe ginn. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet de Match duerchgespillt. Den Tim Hall stoung net am Kader. Dynamo Kiew mam Gerson Rodrigues huet mat 3:0 géint den FK Maripol gewonnen. De Lëtzebuerger souz bei Kiew 90 Minutten op der Bänk.
An der 2. Liga an Däitschland hat de Karlsruher SC keng Chance zu Stuttgart. No 90 Minutten huet een de Match 0:3 verluer. Den Dirk Carlson souz bei Karlsruhe déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
An der 3. Liga an Däitschland konnt sech den 1. FC Kaiserslautern iwwert eng 2:0-Victoire géint Hansa Rostock freeën. D’Ekipp vum Geschäftsmann Flavio Becca huet elo 4 Punkten Avance op d’Ofstigsplazen.
An der 3. däitscher Bundesliga koum et beim Match tëscht Waldhof Mannheim an Ingolstadt och zum Openeentreffe vun zwee Lëtzebuerger. Beim 0:0 stoung bei Mannheim de Maurice Deville an der Startformatioun. Hie krut an der 80. Minutt déi giel Kaart a gouf dräi Minutte méi spéit ausgewiesselt. Ingolstadt mat hirem Lëtzebuerger Trainer Jeff Saibene steet domat op der 2. Plaz an der Tabell.
E Freideg huet an der Ligue 2 a Frankräich Orléans géint Valenciennes 0:1 gespillt. De Vincent Thill souz 56 Minutten bei de Néierlag op der Bänk, bis hien den Amine Talal ofgeléist huet.
Fir den Enes Mahmoutovic gouf et mat Maastricht e Freideg den Owend eng 4:0-Victoire géint den FC Oss. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet vun Ufank u gespillt. Maastricht hat géint den FC Oss keng gréisser Schwieregkeeten.
E Freideg koum et zu engem richtegen Héichpunkt vu senger Karriär: De Laurent Jans huet an der Bundesliga mat Paderborn géint Borussia Dortmund gespillt. Um Enn hu sech béid Ekippe mat 3:3 getrennt.
An der Ligue 1 ass den OSC Lille mam Lëtzebuerger President Gérard Lopez géint de PSG ugetrueden. No 90 Minutten huet de PSG sech d’Victoire geséchert.