Als Sportler, egal op Amateur oder Profi, ass et an der Corona-Zäit net ëmmer einfach, motivéiert ze bleiwen fir säi sportlecht Zil z’areechen. Do ass et engersäits d’Ongewëssheet wéi et finanziell weidergeet, anerersäits wéini d’Competitiounen erëm ufänken. De Frank Muller ass Sportpsycholog an huet do e puer gutt Rotschléi. Beispillsweis kann een d’Zäit fir Saachen notzen, wou soss am normalen Alldag keng Zäit
D’Corona-Pandemie huet de Sportskalenner vun dësem Joer ellen duerchernee gerëselt. Sou ginn d’Olympesch Summerspiller net dëst Joer organiséiert, mee 2021. Fir déi eng Athleten ass dëst e Virdeel, fir anerer eng weider Erausfuerderung.