
Wéi et an engem Schreiwes vun der FLF heescht, géifen net méi genuch Datumer zur Verfügung stoen, fir d’Coupe FLF kënnen op en Enn ze spillen.
Donieft gouf och de Spillplang am Dammefuttball ugepasst. D’Veräiner aus der éischter Divisioun hu sech drop gëeenegt, fir den 28. November den 8. Spilldag ze spillen. U sech sollt do e Frëndschaftslännermatch tëscht Lëtzebuerg a Liechtenstein gespillt ginn, ma dëse gouf annuléiert.