"Ech si sou glécklech"Cristiano Ronaldo brécht internationale Golrekord

RTL Lëtzebuerg
De 35 Joer ale Spiller vu Manchester United huet mat sengen 2 Goler an der WM-Quali géint Irland elo weltwäit déi meeschte Goler fir ee Land geschoss.
© SID/CARLOS COSTA

Duerch seng Goler an der 89. an an der 96. Minutt konnt de 5-fache Weltfuttballer den Iraner Ali Daei hannert sech loossen a steet lo mat 111 Goler fir eng Nationalekipp un der Spëtzt vun dësem Klassement.

“Ech freeë mech net nëmmen iwwert de Rekord, mee och iwwer dëse besonnesche Moment. Ech si sou glécklech! Ech widmen dës Goler der ganzer Ekipp an all de Portugisen”, sou de Cristiano Ronaldo no sengem spektakuläre Rekordowend.

Allerdéngs hätten et der och kéinten 112. sinn. An der 15. Minutt konnt den iresche Golkip Gavin Bazunu een Eelefmeter vum CR7 paréieren.

Back to Top
CIM LOGO