Mangel u BeweiserD'Affär Gianni Infantino gëtt klasséiert

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Fifa e Mëttwoch an engem Communiqué matgedeelt.
© AFP

“No der Prouf vun den Dokumenter a Beweiser”, sou de President vun der Ethikkommissioun vun der Fifa, “hu mir decidéiert, de Fall opgrond vun engem Mangel u Beweiser betreffend engem Verstouss vum Ethikcode ofzeschléissen”, esou de Weltfuttballverband a sengem Communiqué.

Eigentlech sollt den Gianni Infantino no de sëllege Korruptiounsaffäre fir Uerdnung an Transparenz bei der Fifa suergen. De President stoung awer selwer am Fokus vun der Schwäizer Justiz. Opgrond vun der aktueller Situatioun a Grondlag géif et awer zum aktuellen Zäitpunkt keng Verletzung vum Fifa-Reglement ginn an och eng Suspendéierung vum Infatino wier net justifiéiert, esou d’Fifa an hirem Communiqué.

LINK: Hei fannt Dir dat offiziellt SchreiwesRTL-News: De Fall Gianni Infantino: Fir d’Anne Brasseur ass dëst en absolutte Skandal, et muss eng Reform kommen

Back to Top
CIM LOGO