BGL LigueDäitlech Néierlag fir Wolz géint Péiteng

RTL Lëtzebuerg
Iwwerraschend däitlech verléiert Wolz mat 1:5 zu Péiteng an Munneref an Hamm Benfica deele sech d'Punkten mat engem 0:0.

An der BGL Ligue goufen um Mëttwoch zwee Nodrosmatcher vum 18. an 22. Spilldag ausgedroen. Bei Wolz leeft et no der Corona-bedéngter Paus weider net ronn a si verléieren däitlech géint den Titus Péiteng. Duerch Goler vum Gashi, Kerger an 3 mol Rodrigues da Cruz wënnt den Titus mat 5:1. Fir Wolz konnt de Philipps markéieren. Am Kellerduell tëscht Munneref an Hamm Benfica si keng Goler gefall an esou kréie béid Ekippen e Punkt.

Däitlech Néierlag fir Wolz géint Péiteng
Bei Wolz leeft et no der Corona-bedéngter Paus weider net ronn a si verléieren däitlech géint den Titus Péiteng.

De Liveticker an de Replay vun de Matcher fir nozeliesen respektiv nozekucken.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO