
E gudde Match gouf et am Grupp A tëscht Salzburg a Bayern München ze gesinn an deem sech d’Münchener schlussendlech däitlech mat 6:2 duerchsetze konnten. Atlético Madrid huet géint Lokomotive Moskau wichteg Punkten hänke gelooss a spillt just 1:1.
Am Grupp B konnt e faméise Borussia Mönchengladbach mat 6:0 zu Donezk gewannen woubäi de Plea mat 3 Goler de Spiller vum Match war. Schonn an der Paus stoung et 4:0. Am zweete Match wënnt Real Madrid mat 3:2 géint Inter Mailand.
Am Grupp C hat Marseille keng Chance géint Porto a verléiert mat 0:3 a Manchester City wënnt mam nämlechte Resultat géint Olympiakos Piräus.
Eng däitlech 5:0-Victoire gouf et fir Liverpool am Grupp D géint Atalanta Bergamo duerch ënner anerem 3 Goler vum Diogo Jota. Och Ajax Amsterdam ka mat 2:1 géint Midtjylland gewannen.
RB Salzburg - Bayern München 2:6
1:0 Berisha (4.’), 1:1 Lewandowski (21.’, Eelefmeter), 1:2 Kristensen (44.’, Eegegol), 2:2 Okugawa (66.’), 2:3 Boateng (79.’), 2:4 Sané (83.’), 2:5 Lewandowski (88.’), 2:6 Hernandez (90.+2.’)
Salzburg ass staark an de Match gestart, waren ëmmer fréi an den Zweekämpf an hunn de Bayern net vill Zäit mam Ball gelooss. Sou konnten d’Éisträicher dann och fréi mat 1:0 a Féierung goen. De Keita hat probéiert aus 18 Meter ze schéissen, mee de Ball gouf ofgefälscht an ass beim Berisha gelant an dee konnt den 1:0 markéieren.
Dono ass Bayern awer méi staark ginn an hat an der 11. Minutt déi grouss Chance op den 1:1. De Gnabry konnt mat sengem Schoss de Stankovic iwwerwannen mee et war de Ramalho deen in extremis op der Linn kläre konnt. Kuerz drop hat den Arbitter fir München op de Punkt gewisen mee no Consultatioun vum VAR huet dëse seng Entscheedung nees zeréck geholl. An der 21. Minutt huet den hollänneschen Arbitter nees eng kéier op de Punkt gewisen an dës kéier ass et den Eelefmeter berechtegterweis ginn. De Lewandowski ass ganz cool bliwwen an huet de Ball an de rietsen Eck geschoss.
Salzburg ass weider frech bliwwen an hu sech net virun de Bayern verstoppt. Och wann München ëmmer méi d’Hand iwwert de Match iwwerholl huet, hu se sech schwéier gedoen wëll d’Éisträicher offensiv ëmmer ganz geféierlech bliwwe sinn. Mee an der 44. Minutt sinn d’Bayern dunn a Féierung gaangen. Op riets am Strofraum hat de Müller de Ball, huet dëse fest an d’Mëtt ginn an et war de Kristensen deen de Ball onglécklech an den eegene Gol gekäppt huet.
Direkt no der Paus hat d’Heemekipp déi grouss Chance op den Ausgläich mee de Neuer konnt dem Mwepu säi Schoss aus 15 Meter staark paréieren. Se hunn dann och genau sou couragéiert wéi an der éischter Hallschent weider gespillt mam Risk dat Bayern München zu all Moment de Match entscheede konnt. An der 64. Minutt war et dann och bal sou wäit mee de Coman huet just op d’Lat geschoss. No 66 Minutten huet de Ramalho dann awer op der anerer Säit eng exzellent Pass op de grad agewiesselten Okugawa gespillt an eleng virum Gol huet dësen dem Neuer keng Chance gelooss.
Salzburg huet och dono weiderhin e staarke Match gewisen mee an der 79. Minutt war et de Boateng deen d’Bayern no engem Corner nees eng kéier a Féierung brénge konnt.
Just 4 Minutte méi spéit verléiert Salzburg de Ball am Mëttelfeld, de Sané leeft mam Ball an de Strofraum a schlenzt de Ball herrlech uewen an de Wénkel a konnt soumat fir d’Virentscheedung suergen.
Dono koum et dunn nach méi batter fir Salzburg wéi de Lewandowski de Ball an der 88. Minutt no enger Flank an de Gol gekäppt huet.
Zum Schluss ass Salzburg du ganz ausernee gefall a krut an der 92. Minutt och nach den 2:6 duerch den Hernandez geschoss.
Schlussendlech fält dës Victoire no enger gudder Leeschtung vu Salzburg awer ze héich aus. Am Schluss vum Match si se defensiv ausernee gefall a kruten nach 4 Goler an de leschten 13 Minutte geschoss.
Lokomotive Moskau - Atletico Madrid 1:1
0:1 Gimenez (18.’), 1:1 An. Miranchuk (25.’, Eelefmeter)
Shachtar Donezk - Mönchengladbach 0:6
0:1 Plea (8.’), 0:2 Kramer (17.’), 0:3 Plea (26.’), 0:4 Bensebaini (44.’), 0:5 Stindl (65.’), 0:6 Plea (78.’)
Real Madrid - Inter Mailand 3:2
1:0 Benzema (25.’), 2:0 Sergio Ramos (33.’), 2:1 Martinez (35.’), 2:2 Perisic (68.’), 3:2 Rodrygo (80.’)
FC Porto - Olympique Marseille 3:0
1:0 Marega (4.’), 2:0 Sergio Oliveira (28.’, Eelefmeter), 3:0 Luis Diaz (69.’)
Manchester City - Olympiakos Piräus 3:0
1:0 Ferran Torres (12.’), 2:0 Gabriel Jesus (81.’), 3:0 Joao Cancelo (90.’)
Atalanta Bergamo - FC Liverpool 0:5
0:1 Diogo Jota (16.’), 0:2 Diogo Jota (33.’), 0:3 Salah (47.’), 0:4 Mané (49.’), 0:5 Diogo Jota (54.’)
Midtjylland - Ajax Amsterdam 1:2
0:1 Antony (1.’), 0:2 Tadic (13.’), 1:2 Dreyer (18.’)