
Leverkusen - Hertha 4:1
1:0 Azmoun, 2:0 Frimpong (21'), 3:0 Diaby (60'), 3:1 Lukebakio (67') per Eelefmeter, 4:1 Adli (73')
Leverkusen huet sech e Sonndeg mat 4:1 géint d’Hertha duerchgesat, virun allem hunn d’Jonge vum Trainer Xabi Alonso mat hirer Vitess iwwerzeegt. Den Azmoun huet an der 12. Minutt den 1:0 markéiert, ier de Frimpong néng Minutte méi spéit den Avantage verduebele konnt. An der 60. Minutt konnt dunn den Diaby op 3:0 erhéijen. Siwe Minutten dono konnt de Lukebakio vum Eelefmeterpunkt aus op 1:3 verkierzen. Den Adli huet an der 73. Minutt fir d'4:1-Schlussresultat gesuergt.
Wolfsburg - Frankfurt 2:2
1:0 Marmoush (10'), 1:1 Kolo Muani (22'), 1:2 Ndicka (26'), 2:2 Gerhardt (43')
Nodeems Wolfsburg fréi a Féierung gaangen ass, konnt Frankfurt de Match bannent 4 Minutten op d’Kopp stellen. Kuerz virun der Paus konnt Wolfsburg awer nees ausgläichen. No der spektakulärer éischter Hallschent war déi zweet Hallschent dunn e gutt Stéck méi roueg.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.