Biathlon: DammenDäitsch Staffel feiert éischt Victoire zanter knapp 2 Joer

RTL Lëtzebuerg
No 4 Mol 6 km konnten d'Dammen aus Däitschland duerch eng staark Leeschtung, esouwuel am Lafen ewéi och am Schéissen, déi éischte Plaz feieren.
© AFP

Um Samschdeg goung et fir d’Damme beim Biathlon-Weltcup an der Staffel iwwer 6 Kilometer ëm d’Victoire zu Oberhof. Nodeems insgesamt 8 Mol geschoss gouf, waren et déi 4 däitsch Dammen ëm d’Vanessa Hinz, d’Janina Hettich, d’Denise Herrmann an d’Franziska Preuß, déi sech d’Victoire séchere konnten. Um Enn hate si gutt 17 Sekonnen Avance op d’Staffel aus Wäissrussland, déi drëtte Plaz war fir d’Dammen aus Schweden.

Back to Top
CIM LOGO