
An der Liga A war et an der Grupp 3 d’Spëtzepartie tëscht Portugal a Frankräich.
Hei waren et d’Fransousen, déi sech duerch ee Gol vum Kanté déi wichteg Victoire séchere konnten. Beim zweete Match am Grupp 3 konnt sech Schweden mat 2:1 géint Kroatien duerchsetzen. Soumat huet Frankräich virum leschte Spilldag 3 Punkten Avance op Portugal.
Däitschland konnt iwwerdeems eng 3:1-Victoire iwwert d’Ukrain afueren, Spuenien an d’Schwäiz trenne sech mat 1:1 a soumat geet der Ekipp vum Joachim Löw ee Punkt am leschte Match duer, fir sech fir d’Playoffs ze qualifizéieren.
E Samschdeg den Owend huet och Lëtzebuerg an der Nations League gespillt. Si waren op d’Zypern gefuerdert. Hei fannt Dir d’Resultat, de Resümmee vum Match an d’Reaktiounen.
LINK: Klickt hei, fir op de kompletten Iwwerbléck vun der Nations League ze kommen
Grupp 3
Portugal 0:1 Frankräich
0:1 Kanté (54')
An der Spëtzepartie vum Grupp 3 waren et d’Portugisen, déi duerch de Superstar Cristiano Ronaldo déi éischte Geleeënheet vun der Partie haten. De Stiermer hat et aus der Distanz probéiert, ma de Lloris konnt de Ball ofwieren. Duerno sinn d’Fransouse besser an de Match koum, ma et sollt awer mat engem 0:0 op den Téi goen.
No der Halbzeit waren et d’Gäscht aus Frankräich, déi de Score zu Lissabon opmaache konnten. No engem stramme Schoss vum Rabiot konnt de Rui Patricio de Ball just an d’Mëtt ofwieren, wou de Kanté goldrichteg stoung an de Fransouse soumat eng ganz wichteg Victoire besuerge konnt.
Schweden 2:1 Kroatien
1:0 Kulusevski (36'), 2:0 Danielson (45'+2), 2:1 Danielson (82', Selbstgol)
Grupp 4
Däitschland 3:1 Ukrain
0:1 Yaremchukl (12'), 1:1 Sané (23), 2:1 Werner (33'), 3:1 Werner (64')
Nodeems dem Joachim Löw seng Spiller an den éischte Minutte méi vum Match haten, waren et no 12 Minutten d’Gäscht aus der Ukrain, déi a Féierung goe konnten. No enger Pass an de Strofraum konnt de Zubkov de Ball behaapten an hat mat e bësse Gléck de Yaremchuk an der Mëtt fonnt, deen de Ball mat engem stramme Schoss am Gol vum Neuer ënnerbrénge konnt.
Duerno war et eng ausgeglache Partie, ma Däitschland konnt ee Ballverloscht vun der Ukrain äiskal ausnotzen. De Goretzka konnt de Ball an der eegener Hallschent ofhuelen an hat duerno de Sané geschéckt. De jonke Däitsche konnt de Ball gutt behaapten a bei sengem prezise Schoss hat de Pyatov am ukrainesche Gol keng Chance.
Nach virum Säitewiessel konnt déi däitsch Nationalekipp de Match zu hirem Gonschten dréinen. De Goretzka, deen ee staarke Match gespillt hat, konnt de Ball aus spatzem Wénkel an d’Mëtt bréngen, wou de Werner aus kuerzer Distanz keng Problemer méi hat.
Nom Säitewiessel waren et d’Gäscht, déi dem Ausgläich ganz no waren. Dem Zinchenko säi Versuch gouf an der 52. Minutt vum Süle op de Potto ofgefälscht. Duerno huet Däitschland de Match verwalt a konnt an der 64. Minutt fir d’Virentscheedung suergen. No engem gudde Ball vum Gündogan op der Ginter konnt dësen de Ball an de Strofraum bréngen, wou de Werner op 3:1 stelle konnt.
D’Ukrain war awer net geschockt a wollt weider offensiv un der Partie deelhuelen, ma ausser zwou Geleeënheeten, déi op de Potto goungen, sollt um Enn näischt méi dobäi eraussprangen.
Schwäiz 1:1 Spuenien
1:0 Freuler (26'), 1:1 Moreno (89')
Mat engem flotte Gol aus ronn 10 Meter, wou de Freuler eng Virlag vum Embolo direkt verwäerte konnt, konnt d’Schwäiz zu Basel a Féierung goen. Nom Säitewiessel war Spuenien déi besser Ekipp an no engem Handspill vum Rodriguez hat de Ramos, dee säin 177 Match fir Spuenien absolvéiert hat, d’Geleeënheet, aus eelef Meter ze markéieren, ma de Sommer konnt hei paréieren. De Ramos ass soumat den neien europäesche Rekordnationalspiller, dëst mat engem match méi ewéi den Gianluigi Buffon. An de leschten 10 Minutte sollt et awer nach eng Kéier spannend ginn. No engem Feeler vum Elvedi, deen no senger zweeter gieler Kaart vum Terrain gesat gouf, hat de Ramos seng zweete Chance aus 11 Meter, ma och hei war de Sommer net ze klappen. Um Enn konnten d’Spuenier awer nach dee verdéngten Ausgläich duerch de Gerard Moreno markéieren.
Grupp 1
Malta 3:1 Andorra
0:1 Rebés (3'), 1:1 Garcia (56', Selbstgol), 2:1 Degabriele (59'), 3:1 Dimech (90'+3)
Lettland 1:1 Faröer Inselen
1:0 Kamess (59'), 1:1 Vatnhamar (60')
Grupp 2
San Marino 0:0 Gibraltar