
Op alle Fall emol net an hirem éischte Match um Mëttwoch den Owend, wou d’Mannschaft an der Paus 0:1 géint Serbien hanne louch. Duerch e Gol vum Frankfurter Jovic an der 12. Minutt.
Duerch e Gol vum Goretzka gouf awer eng Néierlag evitéiert.
Déi däitsch Medie waren alles anescht ewéi iwwerzeegt vum Joachim Löw senger deels nei zesummegestallter Nationalekipp. Ënnert anerem 3 Bayern-Spiller ware jo aus dem Kader geflunn.
Zum Schluss haten déi Däitsch awer déi besser Chancen an hätten am Fong misse wannen.
Richteg eescht gëtt et fir eis Noperen e Sonndeg, wann de Géigner an der EM-Qualifikatioun Holland heescht ...
