
Déi 3 héchste Ligen ginn deemno vun 12 op 16 National-Ekippen opgestockt.
Dat huet als Konsequenz, dass Lëtzebuerg an Zukunft an der C-Liga spillt, also eng méi héich wéi bis ewell.
Domadder ginn d’Chancë fir d’FLF-Formatioun, e Grupp ze wannen, méi kleng, well d’Géigner e gutt Stéck méi staark ginn.
An der A-Liga steigt deemno och keen of... Däitschland, Island, Kroatien a Polen bleiwen an der héchster Klass, obwuel se jo eigentlech hätten an d’B-Liga ofsteigen.