
An der Grupp 4 vun der Liga A huet Spuenien sech däitlech géint Däitschland behaapt a konnt esou um leschte Spilldag déi éischt Plaz an der Grupp iwwerhuelen. De zweete Match am Grupp tëscht der Schwäiz an der Ukrain gouf wéinst Coronafäll an der ukrainescher Ekipp ofgesot Ob de Match nogespillt gëtt, ass nach net gewosst. Da gouf nach am Grupp 3 gespillt. Hei huet Frankräich seng éischt Plaz verdeedegt, Portugal, Kroatien a Schweden hu sech mat de Plazen dohannert missten zefridde ginn.
Liga A
Frankräich-Schweden 4:2
0:1 Claesson (4'), 1:1 Giroud (16'), 2:1 Pavard (36'), 3:1 Giroud (59'), 3:2 Quaison (88'), 4:2 Comain (90'+5)
Frankräich war net gutt an de Match gestart a war fréi a Réckstand geroden. Ma de klore Favorit huet d’Nerve behalen a koum nach an der éischter Hallschent zeréck an de Match an a Féierung. No enger knapper Stonn dunn huet de Giroud duerch säin zweete Gol d’Féierung fir eis Noperen nach ausgebaut. An der 88. Minutt konnt de Quaison seng Ekipp nach eng Kéier bäibréngen, ma et sollt net duergoen, dat och, well de Coman nees den alen Ënnerscheet hierstelle konnt.
Kroatien-Portugal 2:3
1:0 Kovacic (29'), 1:1 Dias (52'), 1:2 Joao Félix (60'), 2:2 Kovacic (65'), 2:3 Dias (90')
Kroatien war fréi a Féierung gaangen a konnt déi an der éischter Hallschent och verdeedegen. Ma dës Missioun gouf no 51 Minutte méi schwéier, well de Rog seng zweet giel Kaart gesinn huet a vum Terrain gehäit gouf. Portugal huet d’Iwwerzuel ausgenotzt an de Match gedréint. Ma Kroatien huet sech net opdeet an de Kovacic konnt an der 65. Minutt an Ënnerzuel de Match nees ausgläichen. Ma an de leschte Minutten huet sech d’Iwwerzuel nees gewisen an den Dias bréngt seng Ekipp nees a Féierung.
Spuenien-Däitschland 6:0
1:0 Morata (17'), 2:0 Torres (33'), 3:0 Rodri (38'), 4:0 Torres (55'), 5:0 Torres (72'), 6:0 Oyarzabal (89')
Bei Däitschland ass net vill, bis näischt zesummegelaf a si hu sech géint eng däitlech méi staark spuenesch Ekipp geschloe ginn an dat däitlech mat 6:0. Am ganze Match haten eis Noperen 2 Mol ofgeschloss, kee Ball war awer op de Gol gaangen. Spuenien dogéint hat zum selwechten Ament 22 Schëss, dovunner 10 op de Gol a 6 an d’Netz. Opfälleg war do grad den Torres, deen direkt 3 Mol markéiere konnt. Fir Däitschland ass et déi héchsten Néierlag zanter 1931.
Liga D
Andorra-Lettland 0:5
0:1 Cernomordijs (7'), 0:2 Ikaunieks (57'), 0:3 Ikaunieks (60'), 0:4 Gutkovskis (70',P), 0:5 Raimonds (90')
Malta-Färöer Inselen 1:1
1:0 Guillaumier (54'), 1:1 Jonsson (70')
Gibraltar-Liechtenstein 1:1
1:0 Frommelt (17',SG); 1:1 Frick (44')