
Bei der Ekippekompetitioun war et den däitsche Athlete Karl Geiger, Constantin Schmid, Pius Paschke a Stephan Leyhe ewell am éischten Duerchgang gelongen, sech a Féierung ze setzen. Et sollt am zweeten Duerchgang allerdéngs nach eng Kéier spannend ginn, dëst well virun allem d’Männer aus Éisträich een excellenten Duerchgang erwëscht haten, ma et sollt um Enn awer fir eng däitsch Victoire duergoen. Zweete gouf Slowenien virun den Éisträicher.